En neie Point de Vente vum Grupp Losch„Used Cars by Losch“ um Rouscht

IPL
Iwwer 600 Qualitéitsoccasiounen aus beschter Hand vun Audi, Cupra, Seat, Skoda, Volkswagen an anere Marquen

Den 18.5. ass een neie Point de Vente vum Grupp Losch opgaang: „Used Cars by Losch“ heescht en an en ass op Nummer 1 an der rue André Losch um Rouscht. Wéi den Numm et seet fand Dir hei iwwer 600 Qualitéitsoccasiounen aus beschter Hand vun Audi, Cupra, Seat, Skoda, Volkswagen an anere Marquen – an dat op net manner ewéi 10.000 m2. Dir kënnt zu Fouss duerch dee groussen Autospark spadséieren oder mam Auto derduerch fueren, fir Iech e Bild ze maachen, wat fir eng Gefierer grad an der Offer sinn. Fir d’Ouverture dann och esou richteg mat de Clienten ze feieren, bitt „Used Cars by Losch“ nach bis den 31. Mee bis zu 3 Joer Garantie op all kaaften Occasiounsauto. Hier Qualitéit ass engem Check-Up mat 110 Punkten zertifiéiert. Dir kënnt also sécher, dass déi Gefierer an der Rei sinn an Dir kritt se natierlech zum beschte Präis. „Used Cars by Losch“ ass op vu méindes bis freides vun 8.00 bis 18.30 a Samsdes vun 9.00 bis 17.00. E gudden Iwwerbléck kritt Dir och op www.losch.lu.

RTL-Business 24.5.2019 13h20

www.losch.lu

Back to Top
CIM LOGO