
MediaMarketing Lëtzebuerg huet ën Donneschdeg 28.2. eng 1. Kéier d’Publicitéitsagence vum Joer gewielt. MediaMarketing ass en Editeur, deen eng ganz Rëtsch vu „business-to-business“-Produkter fir d‘Secteure Marketing a Kommunikatioun proposéiert, e.a. um Site Mediamarketing.lu. 9 Agencen haaten en Dossier eragereecht, 4 goufen der nominéiert: ID+P, Noosphere, Vous a Vanksen, an d‘Agence Vanksen huet dann elo déi grouss Eier eng 1. Kéier den Titel „Agency of the year“ ze droen. Vanksen gouf viru 17 Joer hei am Land gegrënd an am Januar 2018 vum Groupe Datawords iwerholl. Vanksen ass elo a 4 Länner präsent mat 7 Agencen zu Paräis, Metz, Bordeaux, Genf, Bréissel, Léck a Lëtzebuerg. D’läscht Joer haate si e Chiffre d’affaires vun 12,5 Milliounen €, eng Progressioun vu 16%. Ënnert de Clienten vun der Equipe vum Xavier Lesueur sinn neierdéngs e.a. Volvo, Hertz, Delifrance, Rowenta, Thuasne, Baloise, Banque de Luxembourg, Post Luxembourg an de Flughafen vu Bordeaux, etc. Niewt der beschter Agence gouf och déi bescht Publicitéitscampagne vun 2018 ausgezeechent: hei geet de Präis un de Ministère de l’Intérieur an un den CGDIS, déi vun der Agence Comed realiséiert gouf. E spezielle Präis vum Jury goung dann och nach un d‘Campagne « Let’s make it happen » fir de Film vu Zeilt Productions fir de Ministère des Affaires Etrangères et Européennes am Kader vum Nation Branding an der Promotioun fir Lëtzebuerg.