
Nach bis de 14. Oktober ass Wäifestival am Delhaize. D’Frënn vum gudde Wäin profitéieren hei vu Promotiounen ewéi 1+1, 2+1 oder 25% Remise op enger Auswiel vun iwwer 200 Wäiner. Den Delhaize huet festgestallt, dass wärend dem Confinement méi Wäi gedronk gouf, e.a. am Rosé, am Prosecco, an der klénger Fläsch an och am beléifte Bag-In-Box, vun deem eleng 35.000 méi verkaaft goufen. Duerfir huet den Delhaize och elo en neien, 2,5-Liter Bag-In-Box eraus bruecht. Fir d’Zukunft wëll d’Chaîne nach méi staark op Bio-Wäiner setzen, mat e.a. dem Plaza Mayor Bio, dem Sancerre Villebois an dem Solar 6 Bio, deen och op d’Beien oppasst, an doniewt mat nach méi ëmweltfrëndlechen Emballagen. Aner Neiegkeete vun der Marque mam Léiw si Wäintube vun 10cl – just genuch fir ee Glas an hir Wäinexperten proposéieren Iech och hir schéi Coffreten Discovery « Belgian Wine » a « Wine and Food Pairing » - eng flott Iddi och fir ze verschenken. Den Detail vum Wäifestival am Delhaize fannt Dir natierlech op delhaize.lu.