
Dese Freideg 5.4. ass déi nächst „Women’s Night“ bei Bauhaus op der Cap. Schläifen, bueren, Dübelen, schrauwen, Plättercher leeën… - déi Coure sinn zanter Joeren immens beléift! A wéi den Numm et seet, adresséiert sech déi Soirée exklusiv un eis Dammen. Et ginn am Ganze 5 Couren ugebueden: mat Bosch gëtt e Kraiderregal gebaut, Dir kënnt mat Bauhaus léiere, wéi de Gaart richteg bewässert gëtt, Probau weist Iech eng kreativ Buedemgestaltung mat engem Teppech aus Steng, Dir kënnt eng Toilette montéieren oder e Schlësselbried bauen. Ee Fachberoder weist Iech fir d’éischt wéi et geet an da kënnt Dir selwer Hand uleeën. D’Participatioun un dese Couren ass komplett gratis, fir Iessen an Drenken ass beschtens gesuergt an Dir kënnt och nach an enger Tombola super Kadoe gewannen! Et geet e Freideg 5.4. den Owend um 19.30 lass an umelle kënnt Dir Iech bei Bauhaus op der Telefonsnummer 288 668 – 1. Et si schon iwwer 100 Dammen ugemeld, duerfir maacht Iech bäi…