RTL ReporterAm Stärerestaurant: "Wann ech net do sinn, dann ass de Restaurant zou!"

Loïc Juchem
Dëser Deeg hunn d’Käch an d’Restaurateuren hei am Land all Hänn voll ze dinn. D’Feierdeeg stinn virun der Dier, d’Leit gi vill iessen. De Radio geheit en exklusiven Abléck an d’Kiche vun zwee Stärekäch.
© Loïc Juchem

De 54 Joer ale Roberto Fani ass e Mann deen d’lëtzebuergesch Gastronomie zanter ville Jore präägt, hie war 2023 och Chef de l’année vu Gault&Millau ginn. De Roberto Fani ass 2015 op Lëtzebuerg komm, eigentlech mat engem anerem Projet am Kapp: Hie wollt als Consultant Restaurateure begleeden, déi hei am Land opmaachen. Mee et huet net laang gedauert, bis hie gemierkt huet: Hei ass nach Plaz fir säin eegent Konzept. Mat senger raffinéiert-italieenescher Kichen huet hien direkt de richtegen Nerv getraff – an 2017 gouf säi Restaurant zu Réiser och scho mat engem Michelin-Stär ausgezeechent.

Interview mam Roberto Fani

Besonnesch ass un dësem Haus och den Duo hannendrun: De Roberto schafft Hand an Hand mat senger Fra, déi hien deemools an der Restauratioun kennegeléiert huet. 2025 huet d’Land 11 Michelin-Restauranten: 2 mat zwee Stären an 9 mat engem Stär. Zesumme beschäftegen dës Haiser iwwer Honnerte Léit u Personal, déi mat héijer Präzisioun an engem enk getakten Timing schaffen.

An enger Stärekichen muss net nëmmen all Teller bis an d’Detail geplangt sinn – och d’Organisatioun ronderëm, vum Service bis zur Logistik, spillt eng grouss Roll. De Chef-Kach huet dobäi eng Schlësselroll: hien ass gläichzäiteg Handwierker, Manager a Motivator. Et ass eng Aarbecht mat vill Drock, Verantwortung a Passioun. Am Restaurant “La Villa de Camille et de Julien” féiert e jonke Chef mat vill Talent an Ambitioun d’Kichen.

Interview mam Julien Luca

Hien huet eis awer och erzielt, datt et net ëmmer einfach ass, esou en Haus ze leeden - an sou stoung een och scho bal virum aus.

Back to Top
CIM LOGO