Op de Punkt gewierztCayennepeffer - Hëtzt aus der Natur

Michèle Schons
Cayennepeffer kléngt no Feier, no enger klenger Aventure um Teller. Mee wat ass dat eigentlech genee? A firwat gräife sou vill Leit dozou, wann et an der Kichen richteg soll kraachen?
© Pixabay

Cayennepeffer - Hëtzt aus der Natur

Cayennepeffer kënnt ursprénglech aus Mëttel- a Südamerika. Mat Peffer huet et awer näischt ze dinn, wéi de Spëtzekach Pit Wanderscheid eis erkläert:

Lo gi mer e bëssen zeréck an der Geschicht - de Columbus, dee war op der Sich no Peffer an ass an der neier Welt op de Cayennepeffer gestouss, op déi Cayenne Chilli, well et ass näischt anescht wéi eng gemuelen Chilli. Dohier kënnt den Numm, dee bis haut bäibehale gouf. Cayenne kënnt vun der Hafestad Cayenne aus Franséisch-Guyana, wou de Columbus iergendwann gelant ass. Dunn huet et geheescht - Cayenne a Peffer, et ass jo schaarf, dann ass dat esou, mee et huet effektiv näischt mat Peffer ze dinn.

Wat Cayennepeffer esou speziell mécht, ass säin aktiven Inhaltsstoff: Capsaicin. Dat ass dee Stoff, deen eis déi bekannte Schärft bréngt an eise Kierper op Touren bréngt. Wann et am Mond ufänkt ze brennen, leeft d’Maschinn un: de Bluttkreeslaf gëtt ugekuerbelt, d’Verdauung stimuléiert.

An der Scoville-Skala ass e relativ mëttelméisseg bei 30.000 bis 50.000 Scoville, wann een elo kuckt, 16 Milliounen ass den Héchstwäert vu puerem Pepperin. An der mëtteleuropäescher Kiche benotze mer e ganz vill, well de Peffer dacks esou schwaarz Punkten huet. Et gëtt natierlech och wäisse Peffer, mee wann ee gär eppes méi Feines hätt, zum Beispill an enger Hollandaise, an enger Béarnaise, oder an enger Béchamel, do ass an der franséischer Kichen ëmmer agetriichtert ginn, do muss de Cayennepeffer hier, dat ass am Fong déi eenzeg Relatioun déi mer dozou hunn.

An der Kichen ass Cayennepeffer en richtege Allrounder. Hien passt a Zoosen, an Zoppen, op Fleesch oder Geméis an esouguer an e puer Schockelasrezepter.

Vill vill méi bekannt ass en an der mexikanescher Kichen, an der Cajun, an der kreolescher Kichen, ganz vill vertrueden an den USA, Louisiana wou vill mat Barbecue deen jamaikanesche Flair mat erakënnt an de Cayennepeffer wierklech eng ganz fest Plaz huet. An der indiescher Kichen an och wéi gesot an der franséischer Haute Cuisine, wou en éischter subtil benotzt gëtt, als kleng Finitioun, als klenge Kick.

Zum Schluss nach e klengen Tipp: Wann et ze schaarf ginn ass - Waasser hëlleft net vill. Besser ass e Glas Mëllech oder e Stéck Brout, fir d'Schäerft ze neutraliséieren.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO