Äiskonschtlaf zu LëtzebuergSportlech Fréijoersstëmmung op der Kockelscheier bei der "Coupe du Printemps"

Michèle Schons
Dräi Deeg laang dréint sech nächste Weekend op der Kockelscheier alles ëm Eleganz, Dynamik a Leidenschaft um Äis.
© Skating Lëtzebuerg

09/03/2026 Coupe du Printemps

Bei der Coupe du Printemps treffen national an international Leeferinnen a Leefer openeen, fir hiert Kënnen am Äiskonschtlaf ze weisen. Vun impressionante Spréng iwwer graziéis Pirouettë bis hin zu emotionale Choreographien - de Public däerf sech op héichklasseg Performancë freeën, sou d’Mady Elvinger-Werner vum Skating Lëtzebuerg:

“D’Coupe du Printemps ass eng international Äiskonschtlaf-Competitioun, déi zanter 1978 hei zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Et ass e järlechen Treffpunkt, wou international Äiskonschtleefer vun héchstem Niveau op Lëtzebuerg komme, fir sech hei ze moossen. Mir hunn dëst Joer 105 Leefer, déi schonn ageschriwwe sinn, aus 27 verschiddene Länner.

D’Manifestatioun zielt zu de wichtege Rendez-vousen am Fréijoerskalenner vum Äiskonschtlaf a bréngt all Joer vill Talent op Lëtzebuerg. Fir vill Sportlerinnen a Sportler ass et eng wichteg Etapp an hirer Saison, wou si Punkte sammelen an Erfarung op internationalem Niveau gewannen.

“D’Coupe du Printemps gëtt organiséiert vum Club Hiver Sport Patinage zesumme mat engem spezifesche Comité fir d’Coupe, wat sech iwwer all déi Joren opgebaut huet. Do si Benevolle mat derbäi, déi zanter iwwer 20 Joer aktiv sinn, do fléisst immens vill Passioun an Häerzblutt dran, do gëtt vill dofir geschafft. De ganze Weekend si mir och zu 15 Leit benevole sur place, fir dat Ganzt ze stemmen.”

Jiddereen ass wëllkomm fir nozekucken, déi bescht Athletinnen an Athleten unzefeieren an eng flott sportlech Atmosphär ze erliewen.

“Dat ass e Moment vun Eleganz, Technik an Ausdrock an do géinge mer eis freeë, wa mer e breede Public géifen uschwätzen, dass d’Leit kucke kommen. Et si vu moies 8 bis owes non-stop Highlights, dat heescht, d’Leit kënnen all Moment kommen, wéi et si arrangéiert. Samschdes a sonndes mëttes ass den héchsten Niveau, dat ass dann och ëmmer e ganz flotte Moment fir laanscht ze kommen.

Also, notéiert Iech den Datum: vum 13. bis de 15. Mäerz ass op der Kockelscheier d’Coupe du Printemps. Kommt laanscht a loosst Iech vum Zauber um Äis begeeschteren!

© pixabay

Back to Top
CIM LOGO