De Postlaf ass den traditionelle Startschoss fir déi nei Saison op der Strooss. Iwwer zéng Kilometer geet et fir d’Leeferinnen an d’Leefer duerch d’Quartiere Gaasperech, Cloche d’Or an Zéisseng an der Stad Lëtzebuerg. Och de Premier Luc Frieden wollt sech déi éischt Course no engem laange Wanter net entgoe loossen, ass awer net selwer matgelaf.
Den Organisateur, d’Amicale vun der Post, konnt en neie Rekord bei de Participantë vermellen. Ganzer 3.386 Leefer a Leeferinnen hate sech ageschriwwen, dorënner 680 Kanner. Domat gouf de Rekord aus dem Joer 2016 geknackt. E weidert positiivt Zeechen ass, dass sech ëmmer méi Frae fir de Postlaf aschreiwen.
D’Häre-Course gouf eng fënneft Kéier vum Yonas Kine gewonnen, bei den Damme war d’Linda Krombach déi Séierst. Déi jonk Triathlonspezialistin ass déi zéng Kilometer a knapp 34 Minutte gelaf, wat eng perséinlech Beschtzäit bedeit an no um nationale Rekord läit.