
De Leandro Barreiro huet am Match fir SL Benfica géint Porto gespillt. De Spëtzematch goung 2-2 op en Enn. De Barreiro huet den Ausgläich geschoss fir Benfica.
Nodeems Beveren virun zwou Woche schonn den Opstig an déi héchst belsch Divisioun konnt feieren, wëlle si hire Laf, ongeschloen ze sinn, weider ausbauen. Dat hu si beim 2:1 géint Lokeren ënner Beweis gestallt. De Laurent Jans huet duerchgespillt.
An der däitscher Bundesliga huet St. Pauli sech géint Frankfurt e vläicht wichtege Punkt am Ofstigskampf geséchert. No 90 Minutte stoung et 0:0. Och wa Frankfurt méi Ballbesëtz hat, goungen déi méi geféierlech Chancen op de Kont vun den Hamburger. Si hunn zwee Bäll un de Potto an un d’Lat gesat - ee Schoss dovun huet den Danel Sinani ofginn. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet wärend 90 Minutte fir Akzenter um Terrain gesuergt.
Eng Etage méi déif huet Greuther Fürth der Spëtzenekipp Hannover 96 e Bee gestallt a sech wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig erkämpft. No 90 Minutte stoung et 2:1 fir d’Ekipp vum Aiman Dardari, deen net am Kader stoung. Fürth huet aus de leschten dräi Matcher siwe Punkte matgeholl an ass op engem gudde Wee. Si stinn elo op der Relegatiounsplaz, punktgläich mat dräi aneren Ekippen.
An der drëtter däitscher Liga huet Waldhof Mannheim mat 3:1 géint den Opsteiger TSV Havelse gewonnen. D’Ekipp vum Trainer Luc Holtz steet am gesécherte Mëttelfeld an huet souguer nach d’Chance, d’Opstigsplazen unzegräifen, wann de positiven Trend weidergeet.
Fir de Grazer AK gouf et an der éisträichescher Bundesliga eng weider Néierlag, dës Kéier géint WSG Tirol (0:2). Et war déi zéngt Néierlag fir déi nei Ekipp vum Mathias Olesen. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun, mee gouf an der 69. Minutt ausgewiesselt, well hie giel virbelaascht war.
Den Enes Mahmutovic an NAC Breda hu Feyenoord Rotterdam ee Punkt ofgeknäppt, dee fir si am Ofstigskampf nach wichteg kéint ginn. No 90 Minutte stoung et an der heemescher Arena 3:3. De Mahmutovic gouf eréischt an der Nospillzäit agewiesselt, fir Zäit ze gewannen.
An der zweeter italieenescher Liga konnt Venedeg sech doheem 2:0 géint Reggiana behaapten. De Seid Korac ass op Säite vun den Haushären no 85 Minutten agewiesselt ginn. No der Defaite vu Monza läit Venedeg elo mat 3 Punkten Avance un der Tabellespëtzt.
An der zweeter Divisioun a Polen huet Stal Rzeszow auswäerts 1:2 géint Legnica verluer. De Sébastien Thill stoung bei Rzeszow an der Startformatioun a gouf an der 79. Minutt beim Score vun 1:1 ausgewiesselt.
An der 2. franséischer Liga gouf et een 2:2 tëscht Pau a Bastia. Bei Bastia stoung de Florian Bohnert an der Startformatioun a gouf an der 84. Minutt ausgewiesselt. Bastia bleift mat deem Remis op der leschter Tabelleplaz.
No 3 Defaiten um Stéck konnt St. Pölten mam Dirk Carlson sech e Freideg 4:0 géint déi 2. Ekipp vu Rapid Wien behaapten a sech domat aus der Kris schéissen. De Carlson stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain. St. Pölten bleift domat un der Spëtzegrupp drun an huet weider gutt Chancen op den Opstig.
A Saudi-Arabien huet Al-Khaleej sech mam Anthony Moris 2:1 géint Al Hazem duerchgesat. De Moris stoung bei der Lokalekipp wéi gewinnt de ganze Match tëscht de Pottoen.