Volleyball-ChampionnatStroossen a Luerenzweiler gewannen déi éischt Matcher vun den Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen a bei den Hären waren e Samschdeg déi éischt Matcher vun den 1/2-Finallen, déi am Best-of-Three-Modus gespillt ginn.
© Roland Miny / pressphoto (Archiv)

Hären

Dikrech hat Stroossen an der 1/8-Finall vun der Coupe eliminéiert, an der éischter Halleffinall vum Championnat huet Stroossen awer näischt ubrenne gelooss a sech souverän mat 3:0 (25:23, 25:18, 25:21) duerchgesat. Wann de Champion deemno den nächste Match e Samschdeg zu Dikrech gewënnt, huet hie sech nees fir d’Finall qualifizéiert.

Dat gëllt och fir Luerenzweiler, déi den éischte Match auswäerts zu Bartreng iwwerraschend däitlech mat 3:0 (25:22, 25:14, 25:18) gewonnen hunn. An der Coupe-Finall hat Luerenzweiler 3:2 gewonnen, an der Liga ware béid Dueller nach u Bartreng gaangen. D’Bartrenger hunn no engem serréierten éischte Saz net méi richteg an de Match fonnt a mussen elo d’nächst Woch zu Luerenzweiler gewannen, fir nach eng Chance op den Titel ze hunn.

Um 1. vu 6 Spilldeeg am Playdown hat den Escher VBC doheem keng Chance an huet sech musse mat 0:3 (12:25, 18:25, 20:25) géint Fenteng geschloe ginn. An och d’Partie tëscht Amber-Lënster an Iechternach war relativ däitlech, soudass et um Enn 0:3 (20:25, 15:25, 15:25) geheescht huet.


Dammen

Bei den Dammen ass den éischte Match an der Halleffinall tëscht Mamer a Walfer mat 3:1 (25:14, 25:23, 23:25, 25:15 ) u Mamer gaangen. Nodeems de Champion den éischte Saz däitlech fir sech entscheede konnt, waren déi zwee Sätz dono ganz ëmkämpft. Am véierte Saz huet Mamer awer dunn an der eegener Hal näischt méi ubrenne gelooss.

Déi éischt Partie an der Halleffinall tëscht der Gym Volley a Stengefort gëtt e Sonndeg gespillt.

Um 1. Spilldag vum Playdown konnt Bartreng no Réckstand nach 3:1 (21:25, 25:16, 25:19, 27:25 ) géint Iechternach gewannen. Donieft ass Fenteng géint Esch no 0:2-Réckstand besser an de Match komm, um Enn hunn d’Gäscht sech awer mat 1:3 (19:25, 14:25, 25:23, 24:26) behaapte kënnen.

Back to Top
CIM LOGO