Nei SchéinheetsidealerVu Forever Young zu Forever 35

Céline Spithoven
Schéinheetsidealer verännere sech permanent. Wärend et virun 20 Joer wichteg war esou jonk wéi méiglech auszegesinn, huet sech haut en neien Trend etabléiert: "Forever 35".
© Canva/Pixabay

Amplaz wéi 20 auszegesinn, wëlle vill Leit haut éischter frësch, ausgerout a räif wierken, awer net ze räif, also wéi Mëtt Drësseg. En Trend, deen och am Cabinet vum Lëtzebuerger Schéinheetsdokter Ramin Assassi ukomm ass. “Déi éischt Alterserscheinungen, déi fänke sou mat 35, 40 un ze kommen, déi kleng Falen op der Stier oder ëm d’An, an dass een do probéiert einfach déi ze stoppen, fir dass se sech net déif am Gesiicht verankeren, sou dass een do einfach e bëssen op deem Stand stoe bleift.

Forever 21 war gëschter. Haut wëll een ausgesinn wéi 35.

Dofir geet et haut manner ëm drastesch Verännerungen. Amplaz vun enger kompletter “Renovatioun” steet eng natierlech Verjéngung am Mëttelpunkt. Minimal-invasiv Methoden an Traitementer ouni Agrëff gewannen u Popularitéit.“Wat ganz dacks gemaach gëtt mëttlerweil déi lescht Joren, dat si Skinboostere wéi Profhilo, dat ass einfach fir d’Hauttextur ze verbesseren. Den CO2-Laser gëtt relativ dacks sollicitéiert och fir d’Hauttextur. Dann natierlech, wann een d’Nasolabialfalen oder ëm de Mond erëm oder Lëpsevolume verléiert, dass een do e bëssen nohëlleft mat Hyaluronsaier an natierlech de Klassiker, de Botox fir d’Stier ënner anerem an iwwerall am Gesiicht géint Falen.”

Firwat grad 35

Wëssenschaftler erklären de Phenomen och demographesch. An enger Gesellschaft, an där d’Liewenserwaardung ëmmer méi klëmmt, verréckelt sech d’Perceptioun vum Alter. Wien haut potenziell 90 oder 95 Joer al gëtt, gesäit sech mat 35 nach wäit ewech vun al. Amplaz wéi en Teenager auszegesinn, wëlle vill Leit éischter als gestane Perséinlechkeet mat Energie a Selbstsécherheet optrieden. Och kulturell Ënnerscheeder spillen eng Roll.

“A Südamerika oder an Amerika, do bezuelen d’Patientinne vill fir de Filler oder fir d’Operatiounen. Déi wëllen dann och, dass gesi gëtt, dass een eppes gemaach huet. Hei an Europa si mer éischter op eng diskreet Schéinheet aus. Et wëll een en Ënnerscheed mierken, dass ee besser ausgesäit oder méi jonk oder méi frësch ausgesäit, mee et wëll een net onbedéngt, dass iergendee mierkt, dass eppes gemaach ginn ass. An déi Puffy-Faces oder déi opgeblustert Gesiichter, déi si guer net méi am Trend.”

Déi franséich Botox-Zwillingen Igor an Grichka Bogdanoff am August 2015. De Grichka Bogdanoff ass 2021 verstuerwen.
Déi franséich Botox-Zwillingen Igor an Grichka Bogdanoff am August 2015. D’Bridder sinn 2021 an 2022 verstuerwen.
© AFP

Sozial Medien acceleréieren de Wonsch no Schéinheet

Wärend déi eeler Generatioun elo léiwer op méi natierlech a wéineg Agrëffer setzt, gesäit een awer en alarméierende Géigentrend an de soziale Medien: ëmmer méi jonk Leit interesséiere sech fir ästhetesch Agrëffer. D’Sozial Medie vermëttelen dacks eng perfekt, filtréiert Welt, déi Schéinheetscritèren onrealistesch héich setzt.

Beispiller ginn et vill, sou och déi däitsch Influencerin a Reality-Star Emmy Russ. Mat 26 Joer huet si schonn eng Nues-OP, Broscht-Vergréisserungen a weider Agrëffer hannert sech. Dobäi kommen Traitementer mat Botox an Hyaluronsaier, wéi zum Beispill ofgesprëtzte Lëpsen.

Den Dr. Assassi gesäit sech do och an enger verantwortungsvoller Roll: “Si kréien e bëssen dat kënschtlecht Schéinheetsideal virgelieft an de Soziale Medien. An da probéiere se deen nozeäiferen. An do ass e bëssen d’Responsabilitéit vum Dokter, dass een do och d’Patientinnen oder d’Patiente bremst, gell.“ Besonnesch bei ganz jonke Patientinnen a Patienten ass Virsiicht gefrot. “Wann een a jonke Joren ze fréi ufänkt, da gesäit dat relativ séier onnatierlech aus.”
Fir hien ass kloer: “Ufank 20 ass keen Alter, fir e plastesche Chirurg ze consultéieren.

Schéinheetsagrëffer si bei jonken Erwuessener am Trend

Ausname ginn et awer bei ugebuerene Problemer, déi physesch oder psychesch belaaschten. Hei kënne gezielten Agrëffer d’Liewensqualitéit däitlech verbesseren, fënnt des Plastesche Chirurg.

Back to Top
CIM LOGO