Héich TemperaturenD'Hëtzt am Auto lass ginn

Nicky Soisson
Wann et dobausse sou waarm ass wéi dat aktuell de Fall ass, mécht et kee Spaass an de gliddegen Auto ze klammen. Fir deem Temperaturschock entgéint ze wierken, kann een awer virsuergen.
© www.pixabay.com

Wann et dobausse sou waarm ass wéi dat aktuell de Fall ass, mécht et kee Spaass an de gliddegen Auto ze klammen. Fir deem Temperaturschock entgéint ze wierken, kann een awer virsuergen. Frank Maas vum ACL:

"Also dat Bescht ass mol fir d'éischt eng Kéier, éier ee fortfiert, eng Kéier grouss lëften. Dat heescht, d'Dieren alleguer opmaachen, vläicht souguer d'Mall, dass wierklech mol déi grouss Hëtz kann erauskommen. An dann, wann een wëll fortfueren, bei niddregen Vitessen kann een dat mat oppene Fënstere maachen, dat lëft och nach eng Kéier gutt. A soubal d'Vitess e bësse méi héich gëtt, loosse mer soe 50-60 Km/h, wann d'Aerodynamik bis ufänkt ze wierken, dann ass et besser, d'Fënsteren zou ze maachen, an da mat der Klimaanlag ze fueren."

Déi soll awer bei grousser Hëtzt net um Maximum lafen:

"Well soss den Ënnerscheed tëschent deene killen Temperaturen déi dann am Auto sinn, an herno, wann een erauskënnt, ze grouss sinn. Do soll een eeben esou kucken, dass et agreabel ass fir ze fueren. Et däerf och net ze waarm sinn am Auto, well soss gëtt een, zemools beim Reesen, awer och midd."

An da soll ee seng Klima-Anlag am Auto och reegelméisseg kontrolléiere loossen:

"Éischtens fir ze kucken, ob genuch Gas dran ass, dat heescht, dass se och iwwert d'laang Dauer gutt funktionéiert. An dann ass et och ganz wichteg, fir am ab und zu de System ze botzen, well sech jo awer do duerch d'Fiichtegkeet déi bei der Klimaanlag entsteet, Bakteerie bilden an dofir ass d'Botze scho ganz wichteg."

Dat kann een am Garage maache loossen:

"Normalerweis gëtt dat bei de Revisioune gemaach, dat heescht, wann de Pollefilter gewiesselt gëtt, da kann een och mat Produiten déi ganz Schläich an de System do botzen."Et sollt een dann och nach oppassen, dass een d'Gebléis vläicht net direkt an d'Gesiicht kritt well soss kéint ee scho mol krank ginn.

Back to Top
CIM LOGO