
Mat der Vakanzenzäit an de ville sportlechen Evenementer stellt sech dacks d'Fro, wat am Stroosseverkéier erlaabt ass – a wat net. De Maître Jean-Jacques Schonckert ass en Dënschdeg de Moien op déi wichtegst Reegelen agaangen.
Busspueren sinn am Fong fir den ëffentlechen Transport reservéiert. Dat bedeit, virun allem Busser däerfen déi Spueren benotzen. Taxien zielen awer och dozou a sinn normalerweis zougelooss. Fir Privatchaufferen (z. B. Uber) gesäit d'Situatioun anescht aus: si däerfen d'Busspuer nëmmen notzen, wa se eng speziell Autorisatioun hunn – an déi ka jee no Gemeng ënnerschiddlech sinn. Am Asaz däerfen och Noutdéngschter wéi Police, Ambulanz oder Pompjeeën d'Busspuere benotzen, och ouni blo Luuchten, soulaang si effektiv an enger Missioun ënnerwee sinn. Op verschidde Busspueren dierf een och mam Vëlo fueren, dat steet awer explizitt um Schëld bei der Busspuer.
Bei grousse Sportsevenementer gesäit een ëmmer méi Fändelen um Auto. Dat ass prinzipiell erlaabt, soulaang se net iwwer d'Gefier erauskucken oder aner Leit am Verkéier a Gefor bréngen. Aneschter gesäit et beim Tuten aus: dat ass am Gesetz kloer gereegelt a just erlaabt, wann eng konkret Gefor besteet. Fir ze feieren oder seng Freed auszedrécken däerf een also net einfach tuten.