Den Dan Leiner huet säi ganzt Liewe Sport gemaach a war elo mam Vëlo an Afrika ënnerwee. Scho mat aacht Joer huet hie mam Basket an Handball ugefaangen a 27 Mol war hie fir d'Handballnationalekipp am Asaz.
Awer och den Triathlon, Ultramarathon oder d'Seegelen hunn dem Osteopath vun Diddeleng et ugedoen. Den Aventurier verbënnt reegelméisseg seng Léift zum Sport mam gudden Zweck an elo war hie vu Kairo bis Kapstadt um Vëlo ënnerwee, wou hien den Tour duerch Afrika an 80 Etappe mat engem Spendenopruff fir d'Kannerheem Fikelela a Khayelitsha a Südafrika kombinéiert huet.

D'Lisa Mariotto huet scho mat siwe Joer gesongen an huet elo mam Rol Rossi un neier Musek geschafft. Dertëscht gouf et nach aner Tëschenetappen, wéi déi belsch Coverband "Wallstreet" a vun 1988 bis 2000 d'Sängerin vun der Coverband "Grad Lo", mat där si och um Rock um Knuedler opgetrueden ass.
Direkt duerno koum e radikale Stylwiessel wou d'Lisa zur Stëmmungsbomm gouf a keng Bün am Grand-Duché méi virun hier sécher war. Rezent huet si mam Roll Rossi zesummegeschafft an eraus koume siwe fonkelnei Lidder, déi nees eng aner Faarf vun der zweefacher Mamm weisen.

De Kevin Risch huet sech op der Sich no enger Fra un d'Sendung "Take me out" um däitschen RTL adresséiert. Oder vill méi ass et en Trend-Scout, dee fir eng Spezial-Editioun vun "Take me out" mam Schwéierpunkt Musek un hien erugetrueden ass.
Schonn als Kand konnt hie sech fir Musek begeeschteren a mat 16 Joer huet de "Brebo" seng éischt Single "6 Stunden" erausbruecht. Hie war den Opening Act vum Mike Singer an ass mat senger Singel "Amira" iwwer d'Grenzen eraus bekannt ginn.
Dëse Samschdeg sinn et elo 30 Singel-Fraen, déi sech fir hien als Mënsch entscheede kënnen oder och net.
