LIVE! Planet People vum 19. JuniMam Dominik Raneburger, Patrice, Oke a Patrick Meurin

Patrick Greis
Film an Theater, Fête de la musique Diddeleng, City Sounds an de Lëtzebuerger Wikipedia
Live! Planet People vum 19. Juni
Mam Dominik Raneburger, Patrice, Oke a Patrick Meurin.

Den Dominik Raneburger ass en éisträicheschen Acteur, deen och vill zu Lëtzebuerg schafft. Schonn mat 14 stoung hie fir den Heimatfilm 'Schwabenkinder' virun der Kamera, dee fir den Däitsche Fernseepräis nominéiert war. Entre temps kennt een den Dominik aus dem Tatort, der Serie 'Landkrimi aus Tirol', wou hien en haselegen Kommissär spillt, oder aus groussen Theaterproduktiounen. Dësen Donneschdeg war d'Première vu 'Wagner' zu Miersch am Theater. Den 1. Juli ass hien op flickserie.lu ze gesinn, an aktuell dréit hien am Émile V. Schlesser sengem 'Mortal Beings'.

© Dominik Raneburger

Den däitsche Reggae-Sänger Patrice steet op der Affiche vun der Fête de la musique dëse Samschdeg zu Diddeleng. Seng Virbiller sinn den Jimi Hendrix an de Bob Marley an heiansdo mécht hien och e klengen Ausflug an den Jazz- Soul, Funk an Hip-Hop. Hie selwer nennt säin Styl Jump-A-Delic. De Museker, deen zu New York, Köln a Paräis lieft, huet säin Papp mat 11 Joer verluer. Ee grousse Moment am Liewe war säin Optrëtt zu Berlin bei der Siegessäule virum Optrëtt vum Barack Obama. Zu Diddeleng deelt hien d'Bün mam Gavin James, Nosi an Hunneg-Strëpp.

© Patrice

De Patrick Meurin engagéiert sech zanter 18 Joer fir de lëtzebuergeschen Wikipedia. Den 14. Dezember 2008 huet hie säin Kont ugeluecht an zanter 2024 ass hien Admin, vun deenen et der just 6 zu Lëtzebuerg gëtt. Hie kann also aner Benotzer spären, Artikele protegéieren oder läschen. Wikipedia ass eng fräi Online-Enzyklopedie, déi vu Benevolle geschriwwe gëtt, a vu jidderengem fräi benotzt ka ginn. Et gëtt se op mëttlerweil an 345 Sproochen dorënner och zanter 20 Joer zu Lëtzebuerg. Reegelméisseg tauscht de Patrick sech och mat anere Wikipedianer op der Welt aus, sou zum Beispill 2025 op der Wikimania zu Nairobi.

Patrick Meurin
© Patrick Meurin

Den Oke ass mat neier Musek ënnerwee a séngt um Nationalfeierdag am Virprogramm vun 'One Republic'. 2008 ass den Oke mat senger Famill aus Nigeria komm a schonn als Kand huet hie gesong zum Beispill am Muscial 'Jengi Stengi' vum Nadine Ewerling, Al Ginter A Rosch Mirkes. Entre-temps huet hie säin Genre fonnt, an trëtt reegelméisseg am Land op wéi um Echterlive oder rezent beim Trounwiessel um Glacis op, wou hien trotz Reen de Public a Stëmmung bruecht huet. Am Summer ass hien op Tournée a presentéiert nieft senger neier Musek och säin Hit 'Step by Step'.

Oke
© Oke

Back to Top
CIM LOGO