E bësse méi Schäerft am Alldag?Op de Punkt gewierzt: Peffer - dat schwaarzt Gold

Michèle Schons
Gewierzer si kleng, mee si hu Kraaft: Si erzielen Geschichte vu wäite Länner an alen Handelsweeër. An eiser neier Radioserie gi mir dem Goût op de Grond - Kär fir Kär, Blat fir Blat. A mir fänke mam Kinnek vun de Gewierzer un: dem Peffer.
© pixabay

Op de Punkt gewierzt: Peffer - dat schwaarzt Gold

Hie brennt op der Zong, hie këddelt an der Nues a bal keen Teller kënnt ouni en aus: de Peffer. Schwaarz, wäiss, gréng oder rout, dee klenge Kär huet vill Gesiichter. Mee Peffer ass net just schaarf. Hien ass Geschicht, Luxus a Konscht gläichzäiteg. Scho viru méi wéi 2.000 Joer gouf Peffer wéi Gold gehandelt. Schëffer si fir hien ëm d’Welt gefuer, Verméige goufen opgebaut - an och verluer. Haut steet en onopfälleg nieft dem Salz um Dësch. An dach gëtt hie vill ze dacks ënnerschat. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:

Effektiv ass et en entzündungs-hemmende Produit, mee en ass awer och ganz gutt fir de Bluttdrock. De Peffer ass quasi en Alleskënner a vu dass mer e quasi all Dag an der Kichen relativ vill benotzen ass et eppes wat eis verstoppt hëlleft, dat Ganzt e bëssen an engem Equiliber ze halen. De Peffer ass e richtegen Allrounder.

Peffer wiisst un enger Kloterplanz, haaptsächlech an Indien, Vietnam oder Sri Lanka. Jee nodeem, wéini en erageholl a wéi en verschafft gëtt, entstinn déi verschidden Zorten: Schwaarze Peffer gëtt onräif gepléckt a fermentéiert, wäisse Peffer gëtt geschielt, grénge Peffer bleift frësch konservéiert. A roude Peffer? Eng rar Spezialitéit.

Do iwwerschneiden sech zwou Saachen, an zwar gëtt et effektiv och Peffer, deen als roude Peffer consideréiert gëtt an da gëtt et awer och roude Beerenpfeffer, dee vun engem Pefferbam kënnt an éischter aus den Afrikanesche Géigende staamt. Deen huet e bësse méi e säierleche Goût. Dee gëllt awer global als eng vun de Pefferzorten. Wat déi mannst Leit wëssen, ass dass d’Pefferzorten eng an déi selwecht Fruucht sinn. Dat si just ënnerschiddlech Erntezäiten a Prozeduren, wéi dee Peffer herno behandelt gëtt.

D’Schäerft vum Peffer kënnt vum Stoff Piperin. Deen ass net nëmme fir d’Kribbelen zoustänneg, e mécht eis Geschmaachsknospen op. Peffer verstäerkt aner Aromen. Vläicht ass dat de Grond, firwat hie quasi iwwerall passt. Mee Peffer ass och empfindlech: Ze fréi matgekacht an e gëtt batter. Ze spéit dobäi a säi Goût bleift flaach. Timing ass alles.

Also et ass natierlech esou dass Peffer wéi vill aner Gewierzer am beschte frësch gemuele gëtt. Virgemuelene Peffer geet natierlech och, mee dee verléiert mat der Zäit säin Aroma. An da spillt natierlech och d’Classe vun de Bieren eng Roll. Bei frësch gemuelenem Peffer muss dat eng 1A Qualitéit sinn, bei virgemuelenem Peffer kann dat och mol e Melange vu verschidde Qualitéitsstufe sinn, déi do mat erakommen. Déi ätheresch Ueleger kommen am beschten zur Geltung, wann de Peffer kuerz der Hëtzt ausgesat gëtt, awer net ze vill, soss tendéiert de Peffer ëmmer dozou batter ze ginn.

Vläicht ass Peffer genee dofir dat wichtegst Gewierz vun der Welt: E verlaangt Opmierksamkeet a belount se mat Déift, Hëtzt a Charakter.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO