De Bad Bunny am PortraitPopstar, Proteststëmm a politesch Symbolfigur

Céline Spithoven
Hien ass de meeschtgestreamte Museker op der Welt an awer geet et beim Bad Bunny ëm vill méi wéi just Musek.
De Bad Bunny huet Geleeënheet bei de Grammys genotzt, fir och e politesche Message un d’Leit ze kréien.
© AFP

De Sänger a Rapper kënnt aus Puerto Rico a gëllt als Schlësselfigur vum Latin Trap a Reggaeton. Mat Milliarde Streams a weltwäite Concertstouren huet hien international Erfolleg. Nieft senger Musek fält hien awer och duerch gesellschaftlech a politesch Themen op, déi hien a seng Lidder an ëffentlech Optrëtter integréiert.

Bad Bunny: Popstar, Proteststëmm a politesch Symbolfigur

Besonnesch säin Optrëtt beim Super Bowl 2026 huet Diskussiounen ausgeléist. Nieft musikaleschen Elementer waren och kulturell Referenzen op Puerto Rico a sozial Themen Deel vun der Show. Hien ass deen éischte Solo-Kënschtler, deen d’Halbzeitshow komplett op Spuenesch gemaach huet. D’Performance gouf als wichtege Moment fir d’latäinamerikanesch Representatioun gesinn, mee huet och politesch Reaktiounen ausgeléist. Ënner anerem huet den Donald Trump de Concert schaarf kritiséiert. Hien huet d’Show als “schrecklech” bezeechent a bemängelt, dass vill Leit net verstinn, wat gesonge gëtt. Aner Kommentatoren hunn d’Performance awer als kulturellt Statement an als Zeeche fir Diversitéit interpretéiert.

Gesellschaftlech Themen an der Musek

A ville Lidder gräift de Bad Bunny gesellschaftlech Sujeten op. Dobäi geet et ënner anerem ëm d’Liewensrealitéit a Puerto Rico, Migratioun oder sozial Ongläichheet. Besonnesch politesch soll säin Album DeBÍ TiRAR MáS FOToS sinn. Dorop thematiséiert hien ënner anerem Gentrifizéierung, d’Energieproblematik a kulturell Verännerungen op der Insel. Am Song “El Apagón” gëtt zum Beispill d’Strouminfrastruktur an d’Entwécklung vum Immobiliemaart thematiséiert.

Och aner Lidder stelle Bezéiungen tëscht Puerto Rico an historeschen oder geopolitesche Kontexter hier. Dobäi vermëscht de Museker perséinlech Perspektive mat gesellschaftlechen Observatiounen.

De Bad Bunny schreckt och net dovun zréck, sech direkt an d’US-Politik anzemëschen. Hie kritiséiert reegelméisseg d’Immigratiounspolitik an d’Aktioune vun der US-Immigratiounsbehörde ICE. Dëst huet net nëmmen Ënnerstëtzung, mee och vill Géigewand bruecht. Mat Ausnam vu sengem Optrëtt beim Super Bowl dëst Joer, verzicht hien op Concerten op US-amerikaneschem Territoire. Engersäits als Protest géint déi amerikanesch Migratiounspolitik, anerersäits, well hie sech Suergen ëm potenziell ICE-Asätz op senge Concerte mécht. Hie bleift eng zentral Figur an der Debatt iwwer Latäinamerikaner an den USA.

De Bad Bunny huet Geleeënheet bei de Grammys genotzt, fir och e politesche Message un d'Leit ze kréien.
De Bad Bunny huet Geleeënheet genotzt, fir och e politesche Message un d’Leit ze kréien.
© KEVIN WINTER/Getty Images via AFP

De Bad Bunny steet beispillhaft fir eng Generatioun vu Kënschtler, bei deenen Ënnerhalung a gesellschaftlech Themen dacks zesummekommen. Seng Musek a seng Optrëtter ginn dofir net nëmmen als Popkultur, mee och als Deel vun enger méi breeder gesellschaftlecher Diskussioun interpretéiert.

Back to Top
CIM LOGO