RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1971 - E-Mail, Schülerstreik & Disney World

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© RTL Grafik

Computere ware grouss, deier Maschinnen, déi vu Wëssenschaftler benotzt goufen. Ënnereneen hu se net kommunizéiert. Bis den Informatiker Ray Tomlinson eppes Neies probéiert huet. Vu vir:

Den Tomlinson huet bei BBN geschafft, enger privater Recherche-Entreprise zu Cambridge am Massachusetts. 1968 krut d’Firma vum US-amerikanesche Verdeedegungsministère den Optrag, de sougenannten “Arpanet” ze entwéckelen – de Virgänger vum haitegen Internet. De Ray Tomlinson huet op eege Fauscht getüftelt. En hat nämlech d’Iddi zwee Computerprogrammer mateneen ze kombinéieren: dat eent konnt Dateien tëscht Maschinnen hin- an hirschécken, déi matenee verbonne waren. Dat anert huet – lokal, ëmmer nëmmen op enger Maschinn - sougenannt Mailboxen erstallt.

Fir de Mënsch, deen de Message soll kréien, an de Computer op deem Message ukënnt kënnen ze ënnerscheeden, huet e kuerzerhand en @ Zeechen tëscht de Numm vum Mënsch an dee vun der Maschinn gesat. Wéi den Tomlinson senge Kolleegen säi neie System demonstéiert huet sot ee vun hinnen: “Weis dat do nëmme kengem. Dat ass net dat, wourunner mir solle schaffen!” De Geschichtsbicher ass dat egal: de Ray Tomlinson gëllt bis haut als Erfinder vun der E-Mail!

Hitmaschinn 1971: E-Mail

De Schülerstreik vun 1971 zu Lëtzebuerg gëtt dacks als de ‘Lëtzebuerger Mee ’68' bezeechent, wéinst dem Verglach mat der der grousser Streik- a Protestwelle am Paräisser Mee 1968. Et war déi bedeitend sozial Beweegung déi de konservative Schoulsystem am Grand-Duché gerëselt huet. D’Revolt war zu Dikrech am Kolléisch ugaang. Et sollt Schluss si mat autoritären Erzéihunsmethoden. Meenungsfräiheet war gefrot an Zensur, ë.a. an de Schülerzeitunge sollt verschwannen. Aus Solidaritéit mat den Dikrecher Schüler gouf et Streiker an Demonstratiounen am ganze Land, ë.a. an der Stad an zu Esch. De Streik war e Katalysator fir e gesellschaftlechen Discours a Richtung Moderniséierung. Mam Abrëll 1971 soe se, koum den Dréi. D’Jugend huet e Recht kritt fir mat ze schwätzen. Op d’Liewen hei am Land gekuckt huet dëse Protest mat gehollef den Iwwergang ze maachen an eng oppen an demokratesch Gesellschaft.

Hitmaschinn 1971: Schülerstreik

Et war e risegen Happening, den neie Park zu Orlando. No Disneyland a Kalifornien 1955, den zweete Mickey-Mouse, Pluto, Donald a Co Park op der Welt. De ‘Magic Kingdom’ war den éischten Deel vum Park a Florida deen no an no ëmmer weider gewuess ass. Zwee Hoteller hunn deemools zum Resort gehéiert an 23 Attraktiounen. Wou d’Ouvertür vun Disney World war, war de Papp vum Projet, de Walt Disney scho fënnef Joer laang dout. De Spaass-Park gouf als Erweiderung vum Disneyland a Kalifornien gebaut wou net méi genuch Plaz war fir d’Fantasie vum Disney-Daddy. Sou gouf, net wäit vun Orlando e Sumpfgebidd dréche geluecht, Bëscher goufen ofgeholzt, Stroosse gebaut an amplaz koum eng eege Welt wou fréier och nach mat Disney-Dollare bezuelt gouf. Grouss Attraktioun, d’Cinderella-Schlass am Magic Kingdom Park, d’Symbol vum Park, d’Häerzstéck un deem zanter der Ouvertür kaum eppes geännert gouf. Méi spéit koumen dunn nach 4 Parken dobäi: Tokyo, Paräis, Hong Kong a Shanghai.

Hitmaschinn 1971: Disney World

Back to Top
CIM LOGO