Gebuertsdag um HaffD'Groussherzogin Stéphanie feiert hir 42 Joer

RTL Lëtzebuerg
Zwee Deeg, nodeems d'Prinzessin Alexandra Gebuertsdag gefeiert huet, ass et e Mëttwoch um Tour vun der Grande-Duchesse Stéphanie.
D'Grande-Duchesse Stéphanie beim Trounwiessel am Oktober 2025.
D’Grande-Duchesse Stéphanie beim Trounwiessel am Oktober 2025.
© Domingos Oliveira

D’Fra vum Groussherzog Guillaume, déi dat Jéngst vun den aacht Kanner vum Grof de Lannoy ass, koum den 18. Februar 1984 zu Renaix an der Belsch op d’Welt. E Mëttwoch feiert si hiren 42. Gebuertsdag.

D’groussherzoglech Koppel ass den 20. Oktober 2012 an der Kathedral Notre-Dame an der Stad bestuet ginn. Si sinn d’Eltere vun zwee Bouwen.

De Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume ass den 10. Mee 2020 op d’Welt komm an ass de grousse Brudder vum Prënz François Henri Luis Marie Guillaume, deen de 27. Mäerz 2023 d’Liicht vun der Welt erbléckst huet. Den 3. Oktober gouf de Guillaume offiziell als Grand-Duc vereedegt an d’Stéphanie domat Grande-Duchesse.

D’Biographie vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie fannt Dir hei.

Hei d’Schreiwes vum Haff:

Anniversaire de son Altesse Royale la Grande-Duchesse

Son Altesse Royale la Grande-Duchesse, née le 18 février 1984, célébrera son 42e anniversaire ce mercredi. La Comtesse Stéphanie de Lannoy est née à Renaix en Belgique. Elle est la huitième enfant et la cadette, du Comte de Lannoy († 10.01.2019) et de la Comtesse de Lannoy, née Alix della Faille de Leverghem († 26.08.2012).

Back to Top
CIM LOGO