
Stress, Problemer mam Schlof a Verdauung oder permanent eng verspaante Nuque? Eng ganz Rei Mënsche kämpfe mat esou Symptomer am Alldag. Eng wichteg Roll spillt bei dësen Auswierkungen dacks de Vagusnerv. En Nerv, deen ëmmer nach net jidderengem bekannt ass, mee eng entscheedend Funktioun am Kierper huet.
“Der Vagusnerv ist der zehnte Hirnnerv und ein Hauptbestandteil des vegetativen Nervensystems”, erkläert de Kiné a Chriopraktiker Achim Münzebrock. Dësen Nervesystem steiert Funktiounen, déi mir net beaflosse kënnen, wéi den Häerzschlag, d’Verdauung oder d’Ootmung. E leeft vum Gehier, den Hals erof bis an de Bauch.
Am vegetative Nervesystem ginn et zwee Géigespiller: de Sympathikus an de Parasymphatikus. De Sympathikus suergt fir Aktivéierung a Leeschtung, de Parasympathikus ass fir Rou a Regeneratioun zoustänneg a mécht dat mat sengem wichtegste Outil, dem Vagusnerv. “Man kennt es vom Motorsport, man steht immer auf dem Gas und gelegentlich muss man mal auf die Bremse. Und diese Bremse, das ist der Vagusnerv in diesem Fall”, sou de Kiné.
Huet een ze vill Stress an et dréckt een net vum selwe reegelméisseg op d’Brems, da kënnt et zu Problemer. “Der Sympathikus feuert die ganze Zeit und er als Parasympathikus möchte das versuchen zu bremsen, aber irgendwann kommt er auch eher an seine Grenzen.” D’Resultat: Schlofproblemer, Verdauungsproblemer, eng flaach Ootmung, Verspanungen a villes méi. An dës Verspanungen hu weider e schlechten Afloss op de Vagusnerv. Dëse kann doduerch nämlech ageklemmt ginn. Genee sou am Beräich vum Zwerchfell, wann een duerch Stress méi flaach otemt, gëtt och hei de Vagusnerv ëmmer rëm liicht gequëtscht.
Jidderee kann doheem ouni Outil säi Vagusnerv positiv beaflossen. Zum Beispill déif a bewosst ootmen, genuch schlofen, op eng gesond Ernierung oppassen. Mee och Summen oder Sangen stimuléiert den Nerv.
E Kiné kann de Vagusnerv net direkt behandelen, mee indirekt positiv beaflosse. “Wir schaffen wieder Platz vun den Nerv, damit er seine Arbeit richtig machen kann”, erkläert den Achim Münzebrock. An der Praxis heescht dat Verspanungen an der Nuque an am Halsberäich léisen, d’Wierbelen lockeren an Otemtherapie.

Ëmmer méi bekannt gëtt awer och déi elektresch Stimulatioun vum Vagusnerv, och wann dës an der Wëssenschaft a Medezin scho méi laang agesat gëtt. Dobäi gëtt de Nerv mat liichte Stréim ugereegt, fir de Parasympathikus ze aktivéieren an de Kierper aus dem Dauerstress ze huelen. Virun allem bei Epilepsie, chronescher Péng a schwéieren, therapieresistente Depressioune soll dës Stimulatioun positiv Effekter hunn. An dëse Fäll kritt de Patient e klengt Implantat, dat reegelméisseg Impulser un de Vagusnerv schéckt. Mëttlerweil ginn et och net-invasiv Variante, bei deenen de Nerv iwwer d’Ouer oder d’Haut stimuléiert gëtt. D’Fuerschung leeft weider, well et ëmmer méi Hiweiser ginn, dass d’Vagusnerv-Stimulatioun och bei chroneschen Entzündungen an anere Stéierunge eng Roll spille kéint.
D’Zil ass net nëmme manner Péng, mee och méi Rou am ganze Kierper, well wann de Vagusnerv besser funktionéiert, kann en dat maachen, woufir en do ass: bremsen.