Portrait um Weltradiodag"RTL war für uns das Fenster in die westliche Welt", sou de Michael Teupel

Céline Spithoven
Am Kader vum Weltradiodag hu mir mat enger Persoun geschwat, fir déi de Radio e Liichtbléck an enger ganz schwéierer Zäit war.
© Adiardi Zulfansyah/ Pexels

Um Weltradiodag geet et ëm d’Bedeitung vum Radio: als Informatiounsquell, als Begleeder am Alldag, als Stëmm an enger komplexer Welt. Fir de Michael Teupel, gebuer 1962 an der DDR, war Radio awer vill méi wéi dat. Et war Hoffnung. Et war Widderstand. An et war de Startpunkt vun enger dramatescher Rees.

„RTL war für uns das Fenster in die westliche Welt“, sou de Michael Teupel

“RTL war für uns das Fenster in die westliche Welt”, seet hien am Gespréich. “Frank Elsner, Desirée Nussbusch und wie sie alle hießen, das waren für uns die Stimmen der Freiheit.”

Mat sengem klenge Kofferradio huet hien als Jugendlechen bal all Dag RTL gelauschtert, trotz Stéierungen am Empfang a reeller Gefor. D’Staatssicherheit (Stasi), de Geheimdéngscht an d’Geheimpolice vun der DDR, huet de Sender als “Hetz- und Feindsender” klassifizéiert. Wéi hie spéider seng Stasi-Akte gelies huet, stoung do schwaarz op wäiss, dass fréier Nopere bei der Stasi ausgesot hunn, hien hätt “nur RTL gehört”.

An dësem Park huet hie mat sengem klenge Radio ëmmer RTL gelauschtert. Foto vun 1977.
© Michael Teupel

Eng Jugend tëscht Hoffnung a Gefor

Wat fir vill haut normal kléngt, war deemools riskant. De Michael Teupel erzielt vun enger Abiturklass aus Lutherstadt Eisleben a Sachsen, déi eng Postkaart mat engem Musekswonsch un RTL geschéckt hat. Den Dag drop stoung d’Stasi an der Schoul. Schüler goufen der Schoul verwisen, e puer souguer verhaft.

Hie selwer huet duerch eng RTL-Emissioun Bréiffrënn a Westdäitschland fonnt, vill dovunner aus dem Saarland. Den Austausch iwwer Schoul, Politik a Liewen huet säi Wonsch no Fräiheet ëmmer méi staark gemaach.

Mat 18 Joer huet hien d’Flucht iwwer Ungarn gewot. Nodeems hien op engem Camping zu Harkany verrode gouf, ass hie verhaft ginn. Hien erënnert sech un de Moment, wou hien an enger ungarescher Zell den Numm vum Sender an d’Mauer gekraazt huet: “Ich habe da RTL reingekratzt, in der Hoffnung, naja, irgendwer wird das vielleicht doch mal lesen können.”

De Michael Teupel am Juli 1980, ee Mount viru senger Verhaftung.
De Michael Teupel am Juli 1980, ee Mount viru senger Verhaftung.
© Michael Teupel

Verhaftung, “weiße Folter” a Prisong

No senger Festnam ass hien iwwer Budapest mat engem Interflug-Fliger zeréck op Ost-Berlin bruecht ginn, an Handschellen. Duerno koum hien an Untersuchungshaft bei der Staatssécherheet, ënner anerem an de bekannte “Roter Ochse” zu Halle.

Hie beschreift d’"weiße Folter": permanent Liicht an der Zell, strikt Schlofreglementer an Isolatioun. “Ich hatte Todesängste”, erzielt hien. “Ich war damals ein Schüler von 18 Jahren und war mit meinen Ängsten allein.“

No senger Verurteelung wéinst “versichter Flucht aus der Republik” koum hien an dat gréisst Zuchthaus vun der DDR, Zuchthaus Brandenburg-Görden. Tëscht 3.500 Häftlingen, dorënner vill Schwéierverbriecher, war hien ee vun de jéngste politesche Prisonéier.

De Michael Teupel 1982 kuerz nom Fräikaf vum Prisong. Deemols mat nëmme méi 50 Kilogramm.
De Michael Teupel 1982 kuerz nom Fräikaf vum Prisong. Deemols mat nëmme méi 50 Kilogramm.
© Michael Teupel

Besonnesch markant war e Moment, wou d’Stasi him eng fréi Entloossung ugebueden huet, mee ënner enger Bedingung: Hie sollt als inoffizielle Mataarbechter (IM) fir si schaffen. Trotz kierperlecher a psychescher Schwächt huet hie refuséiert. “Ich musste nicht eine Sekunde überlegen. Ich habe gesagt: Nein, das unterschreibe ich nicht.”

Laangfristeg Konsequenzen

D’Haft huet Spueren hannerlooss. De Michael Teupel leit bis haut un enger posttraumatescher Belaaschtungsstéierung, huet zanter Joerzéngte Schlofstéierungen an ass schwéier behënnert. Hie kann zënter méi wéi 10 Joer net méi schaffe goen. Trotzdeem huet hien aus senger Geschicht eng Missioun gemaach. Hien hält Virträg an Däitschland, virun allem viru Schüler. An do spillt RTL ëmmer erëm eng Roll.

Mit RTL hat ja das eigentlich alles angefangen”, erkläert hien. Fir hien ass kloer: Radio ka Liewen veränneren.

Haut kläert de Michael Teupel nei Generatiounen op an erzielt vu Grenzaffer.
Haut kläert de Michael Teupel nei Generatiounen op an erzielt vu Grenzaffer.
© Michael Teupel

Radio haut: ëmmer nach relevant

Op d’Fro, ob Radio haut nach déi selwecht Kraaft huet, zéckt hien net: “Ich bin absolut davon überzeugt, dass das Radio auch heute noch seine Daseinsberechtigung hat.” An enger Zäit vu Streaming an digitale Medie gesäit hien de Radio nach ëmmer als wichteg, onkomplizéiert Informatiounsquell an haut ouni d’Gefor, dofir verhaft ze ginn. Op alle Fall mol hei an Europa.

Säi Wonsch ass et, seng Geschicht och zu Lëtzebuerg méi laang ze erzielen - do, wou déi Stëmmen hierkoumen, déi him deemools Mutt gemaach hunn. Um Weltradiodag erënnert seng Geschicht eis drun, datt e Radiossignal fir verschidde Mënschen net just Ënnerhalung war an ass, mee e Symbol vu Fräiheet.

Back to Top
CIM LOGO