EU-Landwirtschaftskommissär a Portugal"D'Leit sinn um Buedem zerstéiert"

Dany Rasqué
Den EU-Kommissär Christophe Hansen war en Dënschdeg a Portugal, fir sech d'Schied vum Héichwaasser a vum Stuerm op der Plaz unzekucken.
De Christophe Hansen ass a Portugal gereest, fir sech e Bild vun der Plaz ze maachen.
De Christophe Hansen ass a Portugal gereest, fir sech e Bild vun der Plaz ze maachen.
© EBS

“D’Europäesch Kommissioun steet un Ärer Säit an ënnerstëtzt Iech!” Mat deem Message huet sech den EU-Landwirtschaftskommissär op de Wee a Portugal gemaach. De Christophe Hansen wollt sech d’Schied vum Héichwaasser a vum Stuerm op der Plaz ukucken, mä virun allem ass et him drëms gaangen, de Leit ze weisen, datt déi aner EU-Memberlänner u Portugal denken a mat der Populatioun fillen.

Trouscht an Hoffnung sinn net vu Muttwëll

D’Leit sinn um Buedem zerstéiert, ganz Existenze goufe futti gemeet, bedauert de Lëtzebuerger EU Kommissär, dee mer wärend senger Visitt a Portugal areecht hunn – mä et héiert een, datt et nach Problemer mat der Telekommunikatioun gëtt. Am RTL Interview erzielt de Christophe Hansen, datt hien am Laf vum Dag mat de portugiseschen Autoritéiten iwwer Chiffere geschwat huet.

“Et sinn op d’mannst 200.000 Hektar Bësch, déi affektéiert sinn, awer och den Equivalent a landwirtschaftleche Flächen. Iwwert en Deel vum Krisegebitt si mer mat engem Militärhelikopter geflunn, fir mat de Bauerevertrieder och d’Schied festzestellen an et ass wierklech erschreckend. Et mengt een, hei hätt eng Atombomm ageschloen”, sou den EU-Kommissär

Den EU-Landwirtschaftskommissär Hansen ass a Portugal gereest / Dany Rasqué

De Stuerm huet mat Wandspëtzte vun iwwer 200 Kilometer an der Stonn geblosen – ee vun deene schroosten, déi et jee a Portugal gouf. Keen Zweiwel, datt d’Land Hëllef brauch, mä fir alles erëm opzebauen dauert Méint wann net Joren, esou de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Landwirtschaft.

“Et si riseg Perten an et sinn och vill Leit, déi sech d’Fro stellen, ob se nach eng Kéier ufänke sollen, nach eng Kéier nei investéieren. Déi éischt Angscht, déi d’Leit hunn, ass, ob se hir Existenze kënne behalen”, sou de Christophe Hansen.

EU-Landwirtschaftskommissär Hansen a Portugal, fir Baueren z'ënnerstëtzen
No den uergen Onwiederen Ufank Februar a Portugal ass den EU-Landwirtschaftskommissär Christophe Hansen dohi gereest, fir sech e Bild vun der Plaz ze maachen.

D’Waasser geet lues a lues zeréck. Eigentlech eng gutt Noriicht, mä anengems confirméiert sech den Ausmooss vun där ganzer Katastroph.

“Hei sinn nach weider Stroosse, Kläranlagen an aner Infrastrukturen, déi komplett ënner Waasser stinn. Den Ament schätze se, datt op d’mannst 5 Milliarden Euro Schued entstanen ass. Dat ass am landwirtschaftlechen Beräich an am Bëschberäich aktuell ëm eng Milliard. Dat heescht, dat sinn elo d’Estimatiounen”, seet den EU-Kommissär.

De portugisesche Landwirtschaftsminister huet d’Europäesch Kommissioun offiziell gefrot, déi landwirtschaftlech Krisereserven z’aktivéieren, mä dat si pro Joer just 450 Milliounen Euro fir déi 27 Memberlänner, esou de Christophe Hansen, deen drun erënnert, datt et och vill Schued am Nopeschland Spuenien gëtt: “Dat heescht mat deene 450 Millioune lafe mer net ganz wäit. Dofir musse mer och kucken, wat mer kënne maachen am europäesche Fonds solidaire, fir och do Suen ze fannen, awer och an der gemeinsamer Agrarpolitik an an der Kohäsiounspolitik, fir Fongen ëm ze orientéieren, fir verschidden Investitioune kënnen ze maachen, fir erëm nei opzebauen. Dat heescht et muss een a vill verschidden Dëppe siche goen, fir Suen ze fannen, mä mir wäerte Problemer hunn, fir dat doten alles ze couvréieren.”

Eng ganz uerg Situatioun also a Portugal a Wiederprevisiounen, déi och net onbedéngt optimistesch stëmmen.

Um Mëttwoch den Owend flitt den EU Landwirtschaftskommissär Christophe Hansen och a Spuenien, fir do mat de Baueren an den Autoritéiten zesummen ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO