St. Patrick's DayPubs a Party: Lëtzebuerg am iresche Féiwer

Michèle Schons
All Joer de 17. Mäerz gëtt d’Welt gréng fir St. Patrick’s Day an och Lëtzebuerg mécht do keng Ausnam. Vun animéierten iresche Pubs bis hin zu traditioneller Musek ab Danz: am Grand-Duché ginn et genuch Méiglechkeeten, fir den iresche Schutzpatréiner ze feieren.
© pixabay

Et ginn och vill Pubs, déi speziell Owenter fir de St. Patrick’s Day geplangt hunn.

Pubs a Party: Lëtzebuerg am iresche Féiwer

De Black Stuff op der Polvermille feiert schonn zanter de Mëtteg 12 Auer säin traditionelle St. Patrick’s Day mat Livemusek den Owend ënner anerem vum Chester Weybourne, Pilot Light, Ethan Carey, Luxifer, Fred Barreto and DJ Andrew Martin.

Am Shamrock gehéieren iresch Musek, thematesch Dekoratiounen an eng gutt Portioun Guinness einfach dozou.

The Pyg versprécht eng voll Stëmmung mat DJen, speziellen Offeren an enger richteger Party-Atmosphär.

Den Irish Pub Luxembourg proposéiert eng Party mam DJ Irish Eddie. Dobäi kënnt dir och d’Spiller vum Six Nations Championship mat suivéieren.

De Scott’s Pub bitt eng méi relax, awer genee esou festlech Atmosphär – perfekt fir e Patt mat irescher Musek laanscht d’Uelzecht an der Ënnerstad.

Wie mat engem iresche Flair iesse wëllt, dee kann dat am Il Bivio zu Schëtter maachen, hei sti ganz speziell Kreatiounen um Menü.

An deem Sënn: Sláinte! Ditt eppes Grénges un, bréngt gutt Laun mat a maacht iech prett fir eng fantastesch Nuecht!

Back to Top
CIM LOGO