
Hannert dem klenge rouden Äerdbier stécht vill Aarbecht. D’Saison ass kuerz, d’Fruucht empfindlech, an all Dag zielt. Mir ware bei de Produzent Jean-Claude Muller op Contern kucken, wéi d’Äerdbiersaison dëst Joer ugefaangen huet a wat d’Leit esou gär un där Zäit hunn.
Natierlech, wann et vun heiheem ass, da gëtt et frësch gepléckt an da kann een et vläicht esouguer den Dag selwer oder spéitstens den Dag drop iessen. De Virdeel vun heiheem ass, dass mer et ganz zeideg plécke kënnen. D'Äerdbiersaison streckt sech vu Mëtt Mee bis an de Juli eran an ech menge wann een dann Äerdbier ësst, dann ësst een es sécher vun heiheem an et ënnerstëtzt een éischtens déi lokal Landwirtschaft an et evitéiert een och laang Transportweeër, spréch CO2 Ausstouss.
D’Äerdbiersaison huet dëst Joer e bëssen méi spéit ugefaangen. Déi kill Nuechte lescht Woch hu fir Verzögerunge gesuergt, mee elo ginn d’Felder no an no rout. Den Numm Strawberry op englesch seet alles. D'Äerdbier wiisst am beschten op Stréi.
Dat Stréi huet am Fong 3 Funktiounen. Déi éischt ass, dass d'Äerdbier mëll läit. Dat ass wéi eng Matrass, dass se net knaschteg ginn, esou wéi se nämlech gepléckt ginn, ginn se an de Verkaf, well wann een se wäscht, dann halen se sech guer net. D'Stréi ass awer och do fir d'Onkraut z'ënnerdrécke, well dann ass de Buedem däischter an et wiisst manner bis guer keen Onkraut an d'Stréi huet nach en drëtte positive Phenomen, et reguléiert e bëssen d'Fiichtegkeet am Buedem, well wou d'Stréi drop läit, hues de manner Sonnenastralung, doduerch verdonst d'Waasser manner séier an d'Äerdbiersplanz huet méi Waasser zur Verfügung.
Wann d’Äerdbier bis gepéckt ass, geet d’Aarbecht um Feld awer mat vill Handaarbecht weider.
Dat éischt Joer huet een normal Recolte, dat zweet Joer e bësse méi eng grouss an dat drëtt Joer kann et sinn dass een eng extrem grouss huet an da bësse méi klenger huet, mee am véierte Joer fält de Betrag dann of an da veraart dat och e bëssen. Dofir loosse mir se prinzipiell dräi Joer stoen an da gëtt och gewiesselt. Op dat selwecht Stéck kommen dann op mannst 5, besser 10 Joer keng Äerdbier méi zeréck. Wéinst der Gesondheet vum Buedem soll een dat Stéck dann nët méi notzen, esou dass een eng Rotatioun huet, wéi mir et ëmmer probéieren ze maachen.
D’Äerdbiersaison dauert just e puer Wochen an dofir genéisse vill Leit se ëmsou méi.
Wann d’Saison richteg lassgeet, fänkt den Dag um Feld ganz fréi un. Vill Aarbechter sinn schonn moies ënnerwee, fir d’Äerdbier ze plécken, ier d’Hëtzt kënnt. Den Interessi fir regional Produite klëmmt a vill Leit si bereet, méi lokal anzekaafen, virun allem wann se wëssen, wéi vill Aarbecht dohannert stécht. De Jean-Claude Muller vu Contern:
Mir fänken ëmmer e bësse méi fréi, Ugangs Mee un, dann hu mer der aus der Zär, aus engem Folientunnel, dat sinn déi éischt Äerdbieren an dann duerno gi mer an d'Fräiland. Mir kultivéieren entretemps Äerdbier op 4 Hektar a mir hunn 2 Weeër, wéi een Äerdbier bei eis kréie kann. Mir hunn der an eisem Buttek um Haff, oder wann de Buttek zou ass, hu mer e klenge Stand virun der Dier, wou d'Leit dann och d'Äerdbier kafe kënnen. Awer mir bidden och zanter 2 Joer un, dass d'Leit d'Äerdbier bei eis an d'Stécker kënne plécke kommen.
Äerdbier selwer plécken ass net just praktesch, mee fir vill Familljen och eng Traditioun ginn. Och wann dobäi heiansdo vill genaschelt gëtt, mécht genee dat de Charme vun der Saison aus.
Mir hu festgestallt, dass d'Leit dat immens appreciéieren fir de Weekend kënne mat de Kanner eng oder zwou Stonnen ze kommen, fir de Kanner ze weisen wéi dat ausgesäit, well d'Äerdbier komme jo net aus der Barquette einfach esou aus dem Geschäft, mee do stécht méi hannendrun. Dat ass esou e bëssen en Erliefnëss ginn, wou dann och d'Famille kommen an sech e puer flott Stonne maache bei eis am Stéck, natierlech och e bëssen naschelen, dat gehéiert ëmmer dozou, wou se dann do hiert Äerdbier selwer plécken.
Eng kleng Fruucht, déi fir vill no Vakanz a Kandheet schmaacht. A wann d’Saison an e puer Woche schonn nees eriwwer ass, bleift fir vill virun allem ee Goût zeréck: dee vum Summer.