
De Numm Ras el-Hanout kënnt aus dem Arabeschen a bedeit esou vill wéi: „de Chef vum Buttek“ oder „dat Bescht aus dem Regal“. An dat seet eigentlech schonn alles. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:
Och do si mer erëm an Nordafrika an et läit einfach dorunner, well et och do esou vill Zorten a Mëschunge ginn, dat ass vun Händler zu Händler anescht. Ech menge, jiddereen, dee scho mol am Maroc oder an Tunesie war, op deene grousse Mäert, wou Gewierzer gehandelt ginn, do weess een - do ass Action. An esou wéi d'Famillen eben zesumme kommen, esou huet all Mamm, all Bom oder all Kach, all Restaurant an all Buttek eben seng speziell Mëschung. Déi Gewierzmëschung ass speziell awer elo fir Marokko bekannt, do sinn 10 bis 30 Gewierzer dran.
A genee dat mécht de Ras el-Hanout esou spannend: et gëtt keng definitiv Versioun. Et ass wéi eng musikalesch Kompositioun - all Gewierz spillt seng Roll, mee zesummen entsteet eppes Neies. An de Geroch eleng erzielt schonn eng Geschicht.
Dat kënne wiermend Gewierzer sinn, wéi Kanéil, Neelcheskäpp, Muskot oder Kardamom, bis hin zu Paprika - gedréchent natierlech als Pudder, Peffer, Piment, oder esouguer Rouseknospen, Lavendel, déi deem ganzen e bësse méi eng floral Nott ginn.
An der Marokkanescher Kichen ass de Ras el-Hanout eng gutt Basis wann een ufänkt mat kachen.
Et fënnt een a sämtlechen Tajine-Platen, ganz bekannt och an engem gudde Cous Cous, dann allgemeng gëtt et bei Fleesch oder Fësch benotzt, oder an enger gudder Kichererbsenzalot, Séisskartoffel, Quinoazalot, eng klassesch Poulet's Tajine, also e fënnt säi Wee queesch duerch déi marokkanesch Kichen.
Kleng Quantitéiten - am Virfeld geréischtert - ginn dacks duer, well de Ras el-Hanout net nëmme vill Goût huet, mee e ganze Plat verännert.