Op de Punkt gewierztStäranäis - e Gewierz, dat méi ka wéi Wanter

Michèle Schons
E gesäit aus wéi e klengt Konschtwierk - stärefërmeg, donkelbrong, mat aacht filigranen Äerm. A säi Geroch ass onverkennbar: waarm, liicht séiss, e bëssen no Lakritz. Stäranäis ass net just e Gewierz fir de Glühwäin, et ass e Stéck Weltgeschicht am Klengen.
© pixabay

Stäranäis - e Gewierz, dat méi kann wéi Wanter

Seng Hierkonft läit a Südostasien, virun allem a China a Vietnam. Do wiisst de Stäranäisbam, deem seng Friichten no der Recolte gedréchent ginn an da kritt hien och seng typesch Stäreform. Zënter Joerhonnerten gëtt Stäranäis an der chineesescher Kichen an an der Medezin benotzt. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:

Et ass e richtege Superstar ënnert de Gewierzer an en ass net nëmme wéinst senger Form esou beléift fir ze dekoréieren, mee e fënnt och seng Plaz am Five-Spices an der asiatescher Kiche, wou en e ganz feste Bestanddeel ass. E schmaacht an e richt lecker lakritzeg, wéi mer dat och kenne vum Anäis, mee opgepasst - dat ass keng Famill, op allefall botanesch net. Et änelt sech zwar extrem, mee déi zwou Saachen hu guer näischt mateneen ze dinn.

Wat déi zwee verbënnt, ass e gemeinsamen Aromastoff: Anethol. An deen huet et a sech. Stäranäis gëllt nämlech och als Heelplanz. An der traditioneller Medezin gëtt en agesat well seng ätheresch Ueleger schläimléisend a berouegend wierken.

Absolut, en ass natierlech verdauungsureegend, en ass antimikrobiell an en huet eng krampfléisend Wierkung, dat heescht en ass wierklech extrem gutt fir de Kierper, en ass dacks an der Allgemengmedezin verbreet gewiescht an och an der asiatescher Medezin huet en nach ëmmer seng fest Plaz. Doriwwer eraus ass de Stäranäis fir eis e Gewierz wat wiermt, wat mer gären hunn, gäre gesinn an och gären notzen.

An eiser Kichen kennt een Stäranäis virun allem aus der Wanterzäit: am Glühwäin, am Liefkuch oder am Kompott. Mä seng Méiglechkeete ginn nach vill méi wäit. E gëtt Zoppen, a souguer Fleesch eng ganz besonnesch Déift.

Wann een elo e Bouillon mécht, dat gehéiert einfach mat dozou dass een dat mat verschafft, oder wann een e Gulasch mécht, kann ee roueg e bësse Stäranäis derbäi maachen, dat ass nämlech e ganz dezent Gewierz, wat op kee Fall ze staark gëtt. De Stäranäis soll ëmmer als Hannergrondgewierz benotzt ginn, dat heescht, dat ass eppes fir ze komplettéieren. E verdréit sech ganz gutt mat Neelcheskäpp, e verdréit sech gutt mat Kanéil an an deem Fall natierlech an engem Glühwäin, am Weihnachtsgebäck, oder natierlech an der orientalescher Kichen, wou e feste Bestanddeel ass fir Tajinen ze maachen oder fir afrikanesch ze kachen.

An eiser nächster Episod reese mir an de Noen Osten. Do waart e Gewierz, dat mat senger frëscher Saier iwwerrascht: Sumac oder och d’Gewierz vum Essegbam.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO