E Freideg de Moie war den Tresorier vun der ADESP eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Policereform géif e Malaise mat sech bréngen. D'Redaktesch-Karriär bei der Police géif par Rapport zur Redaktesch-Karriär beim Staat diskriminéiert.

Eng 500 Policebeamte mat Premières- oder Treizièmesdiplom wiere concernéiert.

Dat sot de Freideg de Moien de Greg Heusbourg am RTL-Interview. Hien ass Tresorier bei der neier Associatioun ADESP, déi d'Interesse vun de Poliziste mat Secondairesofschloss vertrëtt an eng 300 Memberen huet.

Déi, déi eng 1ière oder eng 13ième hätten, kréichen deen Diplom net unerkannt. Dat géif och manner Pai bedeiten.

Déi eenzeg Méiglechkeet wier, fir d’Police ze verloossen a mat den neien "Rekrutten" den Examen ze maachen. Hei schwätzt ee vun engem sougenannten "Out-In". Ma vun enger gewësser Anciennetéit u wier dat net rentabel.

Eng Rei Concernéiert – 120 Polizisten – sinn och viru Geriicht gaangen. Dat wier et an deem Ausmooss och nach net ginn.

D'nächst Woch huet d'ADESP eng Entrevue mam zoustännege Minister François Bausch. Do wäert een dofir plädéieren, datt legislativ nogebessert gëtt.

Invité vun der Redaktioun: Greg Heusbourg

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.