E Méindeg de Moie war de President vum Jonken Handwierk eisen Invité vun der Redaktioun.

Déi lescht zwee Joer waren extrem politesch an ech wéilt, dass mer elo nees zeréckginn op den Austausch tëscht jonke Patronen. Dat sot den neie President vum Jonken Handwierk, de Serge Majerus, e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De Manktem u Baumaterialie wier den Ament ganz akut. Vill Matières premières wieren e gutt Stéck méi deier ginn. Well ee vun de Fournisseure keng Äntwerte kréich, wier eng Previsibilitéit, wéi et weidergeet, och quasi net dran.

Dat wier generell den Ament ganz schwiereg ze maachen, well een och d'Covid-Situatioun misst am A behalen. Eng véiert Well, sollt et dann zu esou enger kommen, kéint vill Pläng fir vill Secteuren nees op d'Kopp geheien, sou de Serge Majerus.

Invité vun der Redaktioun: Serge Majerus

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.