E Méindeg de Moie war den Educatiounsminister eisen Invité vun der Redaktioun.

"Ech hoffen, datt mer bis d'Fuesvakanz kommen, ouni Schoule mussen zouzemaachen." Dat seet den Educatiounsminister Claude Meisch. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D'Situatioun wier natierlech net optimal, et wier een op der Limitt. Am Fondamental feelen 12% vun den Enseignanten, am Secondaire sinn et 8%. Mam Ersatzpersonal, wat ee rekrutéiert hätt, wier ee bis elo awer gutt derduerch komm, och wann et natierlech net dat selwecht wier.

Op alle Fall wier et d'Zil, de Presenzunterrecht onbedéngt bäizebehalen, och wann Homeschooling net komplett kann ausgeschloss ginn, sou de Minister. Eventuell misst een awer Programmer kierzen, esou de Claude Meisch weider. Dat misst een analyséieren. D'Schüler sollen op alle Fall op dat bewäert ginn, wat se och am Cours gesinn hunn.

Datt d'Schoule géingen "duerchseucht" ginn an datt Schüler riskéieren, Long-Covid ze kréien, dat wëll de Minister net onbedéngt sou stoe loossen. Et géing ganz vill getest ginn an de Schoulen an och Omikron wier – Experten no – an der Reegel net geféierlech fir Kanner a Jugendlecher.

Et bleift dobäi, datt lo mol keng Loftfilteren an de Schoulklassen installéiert ginn, am Ausland wier dat och net de Fall. Déi Apparater kéinten technesch Schwieregkeete mat sech bréngen. Dat Bescht, wat ee kéint maachen, wier nach ëmmer d'Lëften, sou nach de Claude Meisch.

Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.