Déi nei LSAP-Deputéiert Paulette Lenert war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Nei LSAP-Partei-Presidentin? Kandidatin bei den Europawalen? Ech schléisse näischt aus a sinn oppe fir nei Chargen, mee dat misst d'Partei decidéieren. Dat sot déi nei LSAP-Deputéiert Paulette Lenert. Si war um Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Déi fréier Gesondheetsministesch sëtzt an am ganzen 8 verschiddene Kommissiounen um Krautmaart, ma net an der Santé-Kommissioun. Dat wier parteiintern esou decidéiert ginn. Do stéingen nämlech Projeten zur Diskussioun, déi si selwer mat op de Wee bruecht hätt, an d'Partei hätt decidéiert, dass ee sech als „Ministre sortant“ do soll zeréckhalen. Dat géing awer net heeschen, dass si net kéint fräiwëlleg an d'Santéskommissioun sëtze goen, ouni do offiziell Member ze sinn. Si géing op alle Fall déi Aarbechte ganz enk suivéieren.

Gréisser Differenze mat der DP punkto Tubak

Vill Projeten am Kapitel „Santé“ vum Koalitiounsaccord wiere scho vun der viregter Regierung ugeduecht ginn. D'Preventioun wier e grousse Schwéierpunkt am Plan national de santé scho gewiescht. D'Gesetz fir Doktesch-Gesellschaften hätt si selwer eraginn an dat wier elo um Instanzewee. Punkto Virage ambulatoire géing d'Invitée hoffen, dass elo déi Projeten déi ustinn, wou medezinesch Zentren ausserhalb vun de Spideeler sollen entstoen, net wäerten ausgebremst ginn. Do nennt si zum Beispill Jonglënster, Munneref a Wolz. D'CSV an och d'DP hunn der LSAP punkto Santéspolitik ëmmer Dirigismus virgehäit. Et géing stëmmen, dass ee mat der DP och mol méi hefteg Diskussioune gehat hätt, grad virun de Wale punkto Tubak zum Beispill. D'LSAP wollt den Tubakspräis erhéijen, ma eréischt ënnert der fréierer Finanzministesch Yuriko Backes hätt et do Fortschrëtter ginn. Mee fir weider Diskussiounen, zum Beispill e Verbuet vun "aromatiséierten Nikotin-Paffen" oder e Verbuet fir a Bus-Arrêten ze fëmmen, do hätt d'DP e politesche Veto ageluecht.

Et war keen Oubli, et war e bewosste Choix

D'Paulette Lenert war och Ministesch fir Konsumenteschutz. Si wier erstaunt, datt deen neie Ministère elo schonn nees ofgeschaaft gouf, an dass och am Koalitiounsaccord guer net dovunner rieds wier. Et wier e Réckschrëtt vun der Symbolik hier, well de Konsumenteschutz wier e relativ rezente Rechtszweig a géing progressiv Länner auszeechnen, déi sech fir déi Partie um Marché asetzt, déi méi schwaach ass, spréch de Konsument.

Nach méi wéi gedoen, hätt d'Ofschafe vum Minister-Titel vun der „Économie Sociale et solidaire“ )dorënner falen Entreprisen, déi organiséiert sinn als Kooperativen, Mutuellen, Associatiounen a Fondatiounen). Grad dee Secteur géing hei am Land iwwer 25.000 Aarbechtsplazen ausmaachen a géing fragiliséierte Leit d‘Méiglechkeet ginn, sech an d'Aarbechtswelt anzebréngen. Dës Entreprisë géingen net Benefice-orientéiert schaffen, mee e gesellschaftlechen Zweck erfëllen. Dëse Secteur an engem Minister-Titel erëmzespigelen, hätt dem Secteur méi Gewiicht a Visibilitéit ginn. An et wier net „innocent“ wann eppes net méi mentionéiert gëtt. Dat wier keen Oubli, mee e bewosste Choix. Et wier e Business-First-Modell, deen hei priméiert hätt, kritiséiert d‘Paulette Lenert. Allgemeng hätt d'Deputéiert dowéinst och d'Impressioun, dass bei der schwaarz-bloer Regierung d'Interessie vun der Ekonomie virun déi vun de Leit géife gestallt ginn. Si hätt d'DP op alle Fall net esou kannt. Dat wier en neien, ganz liberale Wand dee géing blosen, esou d'Paulette Lenert.

Invité vun der Redaktioun: Paulette Lenert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.