Pilotprojet "Gemenge-Police" nach virun der Summervakanz
E Freideg de Moie war d'Police Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Spezial-Dispositif vun der Police fir d’Drogekriminalitéit an der Stad ze bekämpfen a géint déi aggressiv Heescherei virzegoen, leeft aus. D’Beamten, déi dofir vun hiren Kommissariater a vun der Police Judiciaire ofgezu goufen, ginn elo nees an hir respektiv Servicer zeréck. Dat sot den Inneminister als eisen Invité vun der Redaktioun. De Léon Gloden huet donieft wësse gedoen, dass d’Kriminalitéit an deenen zwou Südgemengen, déi sech beschwéier haten, dass hir Beamten ofgezu goufen [Diddeleng an Käl-Téiteng, ndlr. ], ëm 30 Prozent erofgaangen ass.
90 zousätzlech Policebeamten
De Mëtteg ginn iwwerdeems 170 nei Beamten vereedegt. 90 zousätzlech Plaze ginn domat geschafft. Dovunner ginn 25 Prozent an den Zentrum, 25 Prozent an de Südwesten, 12 Prozent an den Osten, 12 Prozent an den Norden, 9 Prozent an d’Police-Unitéit op de Findel an 17 Prozent an aner Unitéiten wéi d’Police de la route oder den 113. Et wier déi éischte Kéier, wou net nëmmen Lächer gestoppt ginn, mee wou wierklech 90 weider Plazen opgemaach ginn. Donieft hätt d’Regierung elo decidéiert, fir nach méi Polizisten ze rekrutéieren. Et wier ee vun 160 op 200 eropgaangen. Domadder kéimen elo endlech méi Beamten op den Terrain.
Gemenge-Police nach virun der Summervakanz
Wat d’Gemenge-Police ugeet, am Fachjargon "d'unité de police locale", gëtt nach virun der Summervakanz e Pilotprojet lancéiert. D’Preparativen dofir lafe mat der Stad Lëtzebuerg a mat Esch. Et solle jo Beamte sinn, déi an der normaler Police integréiert sinn, awer eben méi visibel, als Gemenge-Polizisten, ze erkenne sinn. Schonn eleng duerch anescht beschrëften Uniformen. Allgemeng géing een och iwwerleeën, fir d’Polizisten um Terrain méi visibel ze maachen. An anere Länner zum Beispill an Holland, hätten d’Beamte Fluo-Jacketten un. Domadder wiere se fir d’Leit besser z’erkennen.
Finanze leien de Gemengen uewen
Op d’Kritik vun der FGFC, der Gewerkschaft vun de Gemengebeamten ugeschwat, dass d’Gemengen ze héich verschëlt sinn an dacks och ze vill grouss géingen denken a bauen, seet den Inneminister, dass d’Gemengenautonomie géing spillen. Och fir d’Gemenge géing alles méi deier ginn an déi meescht missten och einfach vill bauen, fir de Besoine vun der Populatioun gerecht ze ginn. Dass d’Gemenge vill géingen out-sourcen, léich dorunner, dass se net méi déi Leit fannen, déi se brauchen, sou de Léon Gloden.
Am Kontext vun de Finanzen huet den Inneminister kuerzfristeg Reforme versprach. Do géing ee fir d’éischt, um Fonds pour l’emploi schaffen. Déi eng Gemenge géingen do vill ze vill dran abezuelen, anerer guer net. Hannert dem Fong stécht ee Solidaritéitsgedanken. Dofir hätt een elo festgehalen, dass all Gemeng op Basis vun 2 Prozent vum Impôt commercial abezilt. Donieft kënnen d’Gemengen an Zukunft méi Avancen kréien.
Een drëtte Punkt, deen den Inneminister elo géing ugoen, wier den zolitten Defizit an der Pensiounskeess vun de Gemengebeamten. Hien hätt een Ad-hoc Aarbechtsgrupp zesummegesat mat Vertrieder vum Syvicol an dem Finanzministère, fir gemeinsam no enger Léisung ze sichen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.