En Méindeg de Moie war den EU-Walkampf Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Optakt um Méindeg vum offiziellen Walkampf. Dofir war de Jean-Marie Jacoby, Kandidat vun der Oppositiounsbeweegung "Mir d'Vollék", eisen Invité vun der Redaktioun. Hie fuerdert, datt an Europa soll Schluss si mat der anti-russescher Hetz. Ënnert anerem well Russland e verlässlechen Energie-Fournisseur gewiescht wier a well de Wuelstand vun der EU duerch déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht mat Russland entstane wier.

D'Klimapolitik ass "Schissi"

De Jean-Marie Jacoby gesäit allgemeng keen ee positiivt Element an der aktueller EU-Politik. D'Klimapolitik zum Beispill wier, "Schissi! Den CO2 ass kee Problem". Dass mënschlech Emissioune mat Schold um Klimawandel wieren, léisst de Jean-Marie Jacoby net gëllen. Esou Aussoe wiere falsch a politesch gesteiert Wëssenschaft. A sengen Ae géing den CO2 souguer hëllefen, dass de Planéit méi gréng gëtt.

Mir dierfen eng Industrialiséierung vun Afrika net verhënneren

D'Beweegung "Mir d'Vollék" fuerdert, dass net soll verhënnert ginn, dass afrikanesch Staate sech industrialiséieren. Dat géing awer duerch een EU-Vertrag mat de Staate vun Afrika, dem Pazifik an der Karibik geschéien. Dës dierften nämlech just Rostoffer an d'EU zollfräi exportéieren an iwwerhaapt keng verschaffte Produiten. Spréch Mangoe jo, mee mäi Mangojus nee. Doduerch géinge vill Mangoen um Tipp landen.

Mir si fir de Fridden

D'Beweegung "Mir d'Vollék" ass aus de Corona-Protester eraus entstanen. Si fuerderen, dass d'Pandemie richteg opgeschafft gëtt. Si gesi sech am lénke politesche Spektrum. Et wéilt een de Leit d'Chance ginn, fir de Fridden ze stëmmen. Well all déi aner Parteie wieren all riets, well se fir de Krich wieren. Och Parteien, déi sech géife lénks nennen, wéi d'LSAP zum Beispill, wiere riets. "Mir d'Vollék" hätt iwwregens eng 400 Memberen, schätzt de Jean-Marie Jacoby.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Marie Jacoby

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.