Och nach mam Index a mat der Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun géing et e Verloscht u Kafkraaft ginn, esou de Romain Wolff.

Den aktuelle Gehälteraccord beim Staat leeft Enn dës Joers of. No der Rentrée fänken d’Verhandlungen tëscht der Staatsbeamtegewerkschaft an der Regierung un. De President vun der CGFP, de Romain Wolff, sot hei op der Antenn, datt et nach kee Katalog vu Revendicatioune gëtt. Ma eng Punktwäertehéijung wäert sécher gefuerdert ginn. No enger Nullronn 2020 war et 2022 eng sozial selektiv Hausse gekoppelt un eng linear Punktwäerterhéijung ëm 1,95% fir dëst Joer. Wéi vill d’CGFP dës Kéier fuerdere wäert, dorobber wollt de Romain Wolff sech haut nach net festleeën..
 
Muss d’Kafkraaft vun all de Beamte gestäerkt ginn? Dem Romain Wolff no wier och nach mam Index a mat der Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun e Verloscht vu Kafkraaft do. Jidderee wier betraff an “dofir ass et nëmme normal, datt een dat freet”. Och beim Staat ginn et grouss Differenzen tëscht de Gehälter. Hei huet de CGFP-President eng sozial selektiv Komponent ewéi am aktuellen Accord fir den nächsten net ausgeschloss, mee wollt sech wéi gesot nach net festleeën.

Pensiounen: Jugend en Alliéierte géint Verschlechterungen

 

No der Rentrée ginn dann och d’Diskussiounen iwwert de Pensiounssystem un. De Romain Wolff sot, d'CGFP hätt, anescht wéi behaapt gouf, näischt dogéint, fir d'Jugend bei den Diskussiounen dobäi ze hunn. Hie gesäit an der Jugend en Alliéierte fir géint Verschlechterungen ze sinn. Datt de Rentesystem eng Croissance viraussetzt, dat géing effektiv “aner Saache mat sech bréngen” ewéi de Verkéier oder de Logement, deen hei e grousse Problem wier. Trotzdeem war de Romain Wolff do kategoresch: déi Leit hu geschafft, ob se Frontalier sinn oder hei wunnen. Déi sollen eng “anstänneg Pensioun” hunn.
 
De Romain Wolff huet d’Prognosen, datt 2027 schonn de System méi Suen ausgëtt ewéi en der erakritt an 2047 d’Rentereserve opgebraucht wier, net a Fro gestallt. An awer: Hien huet och drun erënnert, datt d’Rentemauer fir 2015 prophezeit gi wier. Also misst een emol kucken, ewéi et weidergeet. Wann eng Kéier eppes misst geännert ginn, gesäit de CGFP-President Handlungsspillraum bei de Cotisatiounen. Ugeschwat op d’Rente vu Beamten, déi virun 1999 agestallt goufen an op déi lescht Pai berechent ginn, huet de Romain Wolff éischter kritiséiert, datt mat der Reform deemools d’Beamten an de Privatsecteur Verschlechterungen imposéiert kruten.

Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.