E Méindeg de Moie war d'Police Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir d'Police sinn et Zäite mat neie Responsabelen an neie Missiounen. Zanter elo schonn engem Joer ass d’Marlène Negrini d’Presidentin vun der SNPGL, der Policegewerkschaft. E Méindeg de Moie war si eis Invitée vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun (5. August) - Marlène Negrini

Méi no beim Bierger: e Sproch aus der Politik, dee bei der Police mat méi Presenz um Terrain amgaangen ass, Realitéit ze ginn via déi Lokal-Police. D’Police ass also mol nees méi visibel a kann och mol direkt mat de Bierger schwätzen oder ugeschwat ginn. Sou huet si en éischte klenge Fazit gezunn, wat de Pilotprojet vun der lokaler Police zu Esch an an der Stad ugeet. Am November misst een en éischte gréissere Bilan zéien, mä den 1. Androck wier duerchaus positiv.

Den Ament sinn iwwerdeems eng 180 Leit op der Policeschoul. D’nächst Joer kéimen deemno ronn 90 Beamten nees bäi. Wat den Dialog mat der Generaldirektioun ugeet, sou hätt sech déi an der lescht vill gebessert. Och d’Relatioun mam Policeminister Gloden wier ganz positiv. Mam viregte Policeminister waren et fir d'SNPGL éischter méi gespaante Relatiounen.

"E freet an e mécht", seet et d’Marlène Negrini. D’Policegewerkschaft géif dann och vum Minister an eenzelen Dossiere consultéiert ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.