Toleranz heescht, dass ech Saachen acceptéieren, déi ech komplett donieft fannen
E Mëttwoch de Moie war de Respekt bei hëtzegen Diskussiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Queer Sujeten an de Schoulprogrammer an d'Situatioun am Noen Osten. Dat si just zwee rezent Beispiller vun Theemen, bei deenen d'Meenunge sech dacks diametral géintiwwer stinn. Sujeten, bei deenen d'Leit wéinst hirer Positioun grad sou dacks ee Stempel opgedréckt kréien. Dat war den Tenor am Gespréich mat der Karin Weyer . D'Direktesch vu respect.lu, dem Lëtzebuerger Zenter fir Deradikaliséierung, war eis Invitée vun der Redaktioun.
D'Diskussioun ëm d'Petitioune Pro a Contra beim thematiséiere vun LGBTQ an der Schoul. Leit, déi d'Petitioun géint dee Sujet am Schoulprogramm fir Mannerjäreger ënnerstëtzt hunn, sinn deels als Rietspopulisten a souguer als Rietsextremer duergestallt ginn. Hei sot d'Direktesch vu respect.lu, dass do vill Leit sinn, déi sech Suerge maachen. Déi Suerge wiere vläicht net berechtegt, mä dass Leit sech Suerge maachen, dat misst een awer eescht huelen.
"Et sinn der vläicht drënner, déi wierklech eng Ideologie hunn, déi rietsextreem ass, mä ech denken, dass vill Leit, déi d'Petitioun ënnerschriwwen hunn, sech Suerge maachen, vläicht net wëssen oder net informéiert sinn. Saachen, déi héich gekacht gi sinn, verallgemengert gi sinn. Also do mengen ech, ass et wichteg, dass een Debat stattfënnt."
An et wär och gutt, dass deen Debat an der Chamber wäert sinn, wou net polemiséiert, mä argumentéiert soll ginn. An enger Demokratie misst geschwat a gestridde ginn. Meenungsfräiheet hätt awer och Limitten, spéitstens do, wou et ëm Mënscherechter, d'Existenzrecht oder den Opruff zu Gewalt géint verschidde Gruppe geet. Et misst een och vum polemiséieren, vum Denken a schwaarz oder wäiss, ewech kommen a beim Debat och Toleranz weisen.
"Toleranz heescht jo net, dass ech et gutt fannen. Toleranz heescht, dass ech 'zähneknirschend' Saachen acceptéieren, déi ech komplett donieft fannen."
Den Zenter fir Deradikaliséierung ass an der éischter Hallschent vum Joer mat ronn 60 Dossiere befaasst ginn. Allgemeng ginn et méi Fäll vu Fraefeindlechkeet an Homophobie. Wat opfält, ass, dass zënter dem Nees-Opflame vum No-Ost-Konflik, den Antisemitismus zougeholl huet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.