E Mëttwoch de Moie ware Reesen op Auschwitz an d'Walen an den USA Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Reaktioun op US-Walen

Et ass en demokratesche Choix, net wierklech en iwwerraschend Resultat, sot de Moien de Marc Schoentgen. Hien ass den Direkter vum "Zentrum fir politesch Bildung" a war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. 
 
Wéi eng Auswierkungen huet e Succès vum Trump op d’Gesellschaften an op d’Demokratien an Europa? Déi Fro misst ee sech stellen. Wéi dat bei de Jonken ukënnt a wéi dem Trump säi Stil zum Virbild gëtt fir europäesch Politiker. An a wéi wäit d'Leit esou e staarke Leader wëllen, deen d'Institutiounen net respektéiert.
 
Ligen, Verurteelungen oder simplistesch Léisungsproposen hätten d'Wieler an den USA op alle Fall net ofgeschreckt, fir den Trump ze wielen. "Trump will fix it", stoung op de Plakater. Sou einfach Messagen oder Léisunge komme bei de Leit un. Et ass och e Vott géint eng "Polit-Elite", gëtt kommentéiert. Mir hei ënnen, déi do uewen... Dat kennt een och vun de Populisten an Europa. Et wär schwéier, fir  do dogéint unzekommen an d’Leit vum Géigendeel z’iwwerzeegen, wa se eng Kéier op där Schinn wären, sou de Marc Schoentgen.
 
Témoins de la 2e Génération : 27. Rees op Auschwitz
 
De Marc Schoentgen ass benevole och President vum “Comité Auschwitz" a Vizepresident vun den "Témoins de la 2e Génération". Enn Oktober war hie mat 150 Jonken an Erwuessenen op Auschwitz. Et war schonn déi 27. Rees dohinner. Den Interessi bei de Jonke wär grouss. Et konnt een net jidderee mathuelen.

Ka sech sou eppes wéi virun iwwer 80 Joer nach emol widderhuelen? Déi Fro wär méi wichteg wéi jee, wann Demokratien ufänken, ze wackelen, oder vu Populisten a Fro gestallt ginn.

Invité vun der Redaktioun Marc Schoentgen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.