Dat gëtt eventuell déi éischt Moundlandung fir Lëtzebuerg
E Freideg de Moie war de Weltraum-Secteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et gëtt den Ament vill spekuléiert, well mer nach net genee wësse wéi een Impakt dem Trump seng Politik wäert hunn. Mee kloer ass, mir hoffen als Lëtzebuerger Weltraumagence och weiderhi kënne mat der NASA zesummenzeschaffen. Dat sot de Moien de Generaldirekter vun der Luxembourg Space Agency. De Marc Serres war eisen Invité vun der Redaktioun.
Zesummenaarbecht mat der NASA
Fir d’Lëtzebuerger Weltraumagence ass d’Zesummenaarbecht mat der NASA virop fir op de Mound ze kommen. Wat een Impakt hätt, wier also,wann d’USA géingen decidéieren, dass de Mound fir si keng Prioritéit méi ass. An et wier jo gewosst, dass den amerikanesche Regierungsberoder a Space-X-Chef Elon Musk léiwer wéilt op de Mars wéi op de Mound, erkläert de Marc Serres. Ëmgedréint wier et natierlech och positiv, dass de Weltraum an Amerika elo eng Prioritéit wäert sinn. Obwuel een och Rumeure géing héieren, dass Leit bei der NASA entlooss ginn a Budgete gekierzt ginn. Et misst ee wei gesot ofwaarden a kucke wat kënnt.
Firwat schéckt Lëtzebuerg keen op de Mound?
E Mënsch an de Weltall ze schécke wier eng grouss Ambitioun a géing Millioune kaschten. An da wier ee mol nach net um Mound. Dat wier net d’Zil vum Grand-Duché gewiescht. De Wirtschaftsministère wollt d’Lëtzebuerger Ekonomie diversifizéieren an et géing stëmmen, dass een do eng kommerziell gedriwwe Politik hätt. Dat wier awer net nëmme punkto Ressourcen de Fall, mee an all Domän vum Weltraum. Ressource-Ofbau am All wier e laangfristegt Zil. Do wäert ee kuerzfristeg keng kommerziell Retombéeën hunn. “Mir sinn iwwerzeegt, dass wann d'Mënschheet capabel ass déi Ressourcen och am Weltall ze benotzen, dass dat d'Aart a Weis wéi d'Mënschheet am Weltraum aktiv ass. Dat wäert komplett changéieren. Dat ass wierklech disruptiv.”
Déi éischt Moundlandung fir Lëtzebuerg
Mëtt Januar huet déi japanesch Firma ispace (mat Sëtz zu Lëtzebuerg) eng kleng Rover-Maschinn, déi hei am Land gebaut gouf, Richtung Mound geschéckt. Wann dës Missioun Enn Mee um Mound lant, wier et déi éischt Moundlandung fir Lëtzebuerg (mat Ausnam vun engem Lëtzebuerger Satellit den op de Mound gefall war) an och den éischten europäesche Rover um Mound. Dat ass dann och fir Lëtzebuerg déi éischte Kéier, wou d’Gesetz benotzt gëtt, dat spezifesch a Kraaft gesat gouf fir de Sujet Space Ressources. Et wier donieft déi éischt Kéier dass eng kommerziell Transaktioun geschitt. Well de Lëtzebuerger Rover soll eng Schëpp Regulite sammelen, dat ass eng Zort Mound-Stëbs, deen dann un d’NASA verkaaft gëtt.
Wat geschitt mam Stëbs vum Mound de Lëtzebuerg sammelt?
E puer Gramm Stëbs solle gesammelt ginn. D’NASA géing duerno versichen doraus Sauerstoff, Waasserstoff a Waasser erauszezéien. Eventuell wier och Äis dran, da kéint ee versiche Waasser do erauszezéien. Wann dann an Zukunft eng Statioun um Mound wier, da wäert jo Waasser gebraucht ginn an dëst wieren Zukunftspisten. Am Regulite wieren och Metaller dra wéi Silizium. Silizium géing a Photovoltaik-Paneaue gebrauch ginn. Dat heescht um Mound kéint een eventuell da Solar-Paneaue produzéieren, erkläert de Marc Serres.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.