E Mëttwoch de Moie war de Rapport vu Copernicus an der Weltorganisatioun fir Meteorologie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

2024 war dat bis ewell wäermste Joer an Europa. Dat geet aus dem neiste Rapport vum europäesche Service Copernicus an der Weltorganisatioun fir Meteorologie ervir. Dass grad an Europa d’Temperaturen esou staark geklomme sinn, begrënnt de Klimatolog Andrew Ferrone domat, dass sech d’Loftqualitéit hei verbessert hätt. Et kléngt wéi e Paradox, mee den Invité erkläert, dass duerch déi propper Loft manner Partikelen an der Loft wieren, déi d’Hëtzt reflektéieren. Ausserdeem hätt et an Europa méi Hëtzten an Dréchente ginn, besonnesch am Süden, wou ee vill Hëtzt-Rekorder verzeechent hätt. Nieft Hëtztwelle misste mer eis an Zukunft och op extreem Nidderschléi preparéieren, déi ëmmer méi heefeg wäerte ginn.

Mir kënnen dem Trend entgéint wierken

Lieft et sech an Zukunft dann op anere Plaze besser wéi an Europa? Nee, well de Klimawandel géing sech iwwerall op der Welt bemierkbar maachen, erkläert de Vertrieder vu Lëtzebuerg am Weltklimarot. An Europa hätt och d’Moyenen, fir dogéint unzegoen a sech ze adaptéieren.

De Weltklimarot ass ganz kloer. Fir dem Trend entgéint ze wierken an déi global Erwiermung op 1,5 grad ze limitéieren, misst ee bis 2050 op Netto 0 CO2-Emissioune kommen. Dat heescht. et ass eng ganz grouss Urgence do. Net nëmmen d’Privatleit, mee och d’Industrie misst do matzéien.

Donieft muss een awer och mat Konsequenzen ëmgoen, déi de Klimawandel bis dohin huet. An dem Fall schwätzt ee vu Klima-Adaptatiounspläng. 51 Prozent vun de Stied an Europa hätte bis ewell sou Pläng, an deene Mesurë stinn, déi bei extremer Hëtzt oder Iwwerschwemmunge kënnen ugewannt ginn. 2015 waren et just 26 Prozent vun de Stied. Et wier also nach vill Loft no uewen.

Konkret proposéiere Klima-Adaptiounspläng zum Beispill Mesuren am Fall vu Canicullen. Also dass ee genuch soll drénken an net an der Mëttesstonn soll Sport maachen. Donieft ginn et awer och méi déifgräifend Mesuren, wéi d’Begréngung vun de Stied. Dat géing hëllefen, fir d’Hëtzt vun de Stied erofzesetzen, fir am Fall vun extreemen Nidderschléi Waasser z’absorbéieren oder nach fir den CO2 ze späicheren. Virbiller am Ausland wieren zum Beispill Paräis oder Mailand, awer och Stied an Holland, déi all Joer e Concours fir déi meeschte Stad-Begréngung maachen.

Klima-Adaptatiounsplang: d’Bierger si gefrot

Och Lëtzebuerg huet e Klima-Adaptatiounsplang, deen aktuell iwwerschafft gëtt. De Projet wier ugangs des Jores virgestallt ginn. No enger Rei Workshoppe mat Experte wier een elo souwäit, fir och d’Bevëlkerung mat anzebannen. Aktuell kéinten d’Bierger online hir Kommentare fir d’Ëmsetzung maachen, ausserdeem géif et uechter d’Land och Consultatioune ginn. Dat wier keng Formalitéit, betount de Klimatolog, mee géing zu konkrete Mesuren um Terrain féieren, well extreem Hëtzt an der Stad och aner Problemer mat sech bréngt wéi zum Beispill am Éislek. Och punkto Iwwerschwemmunge géing een do ganz wichteg Donnéeë vu Bierger kréien, déi duerno och fir d’Rettungsdéngschter vum CGDIS ganz wichteg wieren.

Invité vun der Redaktioun: Andrew Ferrone

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.