En Donneschdeg de Moie waren d’Entwécklungen an den Zougang zu sexueller Erzéiung an d'Ofdreiwung Themen an eiser Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung aschreiwe loossen, ass aktuell eng vun de Prioritéite vum Planning familial. Den 22. September beschäftegt sech d’Chamber-Institutiounekommissioun mat der entspriechender Gesetz-Propositioun vun déi Lénk, déi e positiven Avis vum Staatsrot krut. An deen Dag wëll de Planning familial virun der Chamber manifestéieren, esou seng nei Presidentin d’Fatima Rougi.
 
De Planning ass mat dräi Zenteren an der Stad, zu Esch an zu Ettelbréck eng Ulafstell fir sexuell Erzéiung a bitt Zougank zu medezineschen Informatiounen a Servicer un. D’ASBL ass eegenen Aussoen no "neutral", mee d’Fatima Rougi huet net verstoppt, datt si mat der ADR net frou ass an d’Initiativ vun déi Lénk, fir d’Ofdreiwung an d’Verfassung ze schreiwen, gutt fënnt.
 
Et wier ee Symbol, mee och méi: "il vaut mieux sécuriser maintenant le droit à l’avortement avant qu’il soit menacé". Et misst een dat Recht ofsécheren, éier et wackelt a verschidde Parteien oder "gewëss konservativ Männer" et a Fro stellen. D'Situatiounen op Malta, Polen oder Ungarn géingen dat weisen.

Um Terrain keng Abusen ze signaléieren

E Gesetz réckgängeg maachen, wier méi schwéier ewéi en Artikel an der Verfassung, well een dofir eng Zwee-Drëttel-Majoritéit brauch, esou d’Fatima Rougi. Den Detail ewéi d’Delaien, bis wéini een ofdreiwen däerf, gëtt weider per Gesetz gereegelt an hei freet de Planning Familial nach ëmmer eng Verlängerung vun aktuellen 12 Wochen op 14. "Dat ass net vill", esou d’Fatima Rougi. Mee et wier besonnesch fir déi Fraen, déi a prekäre Situatioune sinn, vill. 
 
D’Warnung vun der Associatioun vu Fraendokteren, datt ee méi laangen Delai zu Abuse kéint féieren - zum Beispill datt Elteren ofwaarden, wéi ee Geschlecht de Foetus huet - huet d’Presidentin vum Planning familial net gëlle gelooss. "Dat ass net, wat eis Dokteren soen, et ass net de Retour vum Terrain", esou d’Fatima Rougi.

"Relioun seele Frënn vun de Fraen"

D’Fatima Rougi ass a Marokko gebuer, mee mat engem Joer a Frankräich geplënnert. Trotzdeem wéisst si, datt dat nordafrikanescht Land wéineg fir Fraen iwwereg huet. Och wa Fraen zu Lëtzebuerg am Verglach vill méi Rechter hunn, esou rappelléiert si, datt d’Land staark kathoulesch Wuerzelen huet a "la religion est rarement l’amie des femmes".
 
De Planning familial wier vill méi ewéi eng Ulafstell fir Fraen, déi wëllen ofdreiwen. Hir 40 bis 50 Leit beroden ënnert anerem iwwert den Zougank zu medezinesche Servicer a beléieren iwwert sexuell an affektiv Gesondheet a ginn dacks och eraus informéieren. De Planning familial ass net just fir Fraen, mee och fir Männer.

Invité vun der Redaktioun: Fatima Rougi

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.