E Mëttwoch de Moie war de Planning familial Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Planning Familial fuerdert, datt den Delai fir ee Schwangerschaftsofbroch soll eropgesat ginn. Vun aktuell 12 op 14 Wochen, wéi a Frankräich zum Beispill. Do si mir dogéint, dat sot de Mëttwoch de Moien de President vun der SLGO, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Gynekologen. Den Dr. Pit Duschinger erkläert, dass een Agrëff no der 12. Woch virop méi geféierlech géif gi fir d'Patientinnen. Dat géingen och d'Statistiken aus Frankräich weisen. Den Ament géing nämlech eng aner a méi invasiv Method benotzt ginn an den Akt sollt dann och just vu ganz erfuerene Leit gemaach ginn, erkläert den Invité.

Eis net mat Frankräich vergläichen

Lëtzebuerg kéint een och net einfach mam Ausland vergläichen. A Frankräich wier zum Beispill d'Accessibilitéit un d'Medezin vill manner gutt wéi am Grand-Duché. Dacks misst een 150-200 Kilometer fueren, fir bei den éischte Gynekolog ze kommen. An d'Leit wiere generell zum Beispill Punkto Contraceptioun vill manner gutt informéiert. Hei am Land wier déi gynekologesch Versuergung dogéint einfach accessibel an d'Distanze wiere kleng. D'Leit kéimen ëmmer un een a wann et net am Cabinet wier, dann awer an enger Urgence.

Abusen duerch den NIPT-Test

D'Haaptangscht vun de Lëtzebuerger Gynekologen ass, nieft dem erhéichte Risiko fir d'Patientinnen, awer virop de Risiko vun Abusen. Mam sougenannten NIPT-Test (Non Invasive Prenatal Test), deen an der 12. Woch iwwer Bluttanalys gemaach gëtt, géingen d'Elteren net just gewuer ginn, ob hiert Kand Trisomie huet, ma och wéi ee Geschlecht de Puppelchen huet. Wann een den Delai vum Avortement also op déi 14. Woch eropdréckt, wiere vill Leit au courant vum Geschlecht an domat huet d'SLGO definitiv e Problem, sou den Dr. Pit Duschinger. Dat géing definitiv zu enger gewëssener Quantitéit un Abuse féieren.

Bedenkzäit net ofschafen

De Planning familial fuerdert dann och, dass déi 3 Deeg Bedenkzäit, de sougenannten "Délai de réflexion", tëscht der éischter Consultatioun an der Ofdreiwung soll an Zukunft ewechfalen. Och domadder ass de Gynekolog Duschinger net d'Accord. D'SLGO wéilt a kengster Weis un d'Selbstbestëmmungsrecht vun der Fra goen, ganz au Contraire. Mä et wéilt een d'Fra mat dem Delai virun eventuelle Feeler schützen. Um Terrain géing een dacks gesinn, dass besonnesch jonk Leit, wa se gewuer ginn, dass se schwanger sinn, mat Panik reagéieren. D'Erfarung vun de Gynekologe wier awer, dass meeschtens no 3 Deeg d'Leit géingen erëmkommen an no méi Bedenkzäit géinge froen. Duerno géinge vill Koppele sech dann awer fir hiert Kand entscheeden. Dofir plädéiert d'SLGO absolut, fir dës Bedenkzäit ze halen, sou den Dr. Pit Duschinger.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Pit Duschinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.