E Freideg de Moie war de Sozialdialog Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"De Sozialdialog huet Schwieregkeeten. Mä mir hunn et fäerdeg bruecht nees all d’Säiten un en Dësch ze kréien, awer mam Resultat, datt mer net op e gemeinsamen Nenner komm sinn", dat sot de Moien den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles am RTL-Interview.

En Donneschdeg hat d'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB annoncéiert, datt d'Syndikater net méi virgefouert wéilte ginn a fir den Ament kee Sënn an Diskussiounen zu 3 geséichen. Si wëllen dowéinst, anescht wéi een Ament gesot, zu dësem Ablack och net an de Comité permanent du travail et l'emploi kommen. D'Regierung hat wëlles, an deem CPTE ënnert der Leedung vum Aarbechtsminister Georges Mischo mat der Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Modernisatioun vum Aarbechtsrecht ze schwätzen. Dat ass ee Punkt aus dem Koalitiounsaccord, an deem d'Sozialpartner bis elo nach guer net viru komm sinn.

D'Regierung konnt net eesäiteg de Gewerkschaften oder de Patronen no ginn

Den DP-Wirtschaftsminister huet e Freide Moien d'Regierung verdeedegt, déi jo fir hir Gestioun vun de Sozialronne vu ville Säite kritiséiert gouf. Et hätt een e "breetméiglechste Konsens" gesicht, well kee Konsens tëscht Patronat a Gewerkschaften dra war. D'Sozialpartner hätten einfach ze wäit ausernee geleeën. An d'Regierung hätt nu mol net kënne just enger Säit Recht ginn.

De Lex Delles huet zouginn, datt et "sécherlech méi einfach gewiescht wier", wann um Enn vun de Sozialronnen e schrëftlechen Accord raus komm wier, un dee sech och jiddereen gebonne gefillt hätt. D'Gewerkschaften hätten dann och wuel anescht reagéiert, mä wa kee Konsens méiglech ass, wier et d'Responsabilitéit vun der Politik fir Decisiounen ze huelen.

Regierung bereet zu Eenzelgespréicher mat de Syndikater

De Lëtzebuerger Modell wär wichteg. Et wär wichteg mateneen ze schwätzen. Wann net zu 3, dann zu 2, sou eisen Invité vun der Redaktioun. Natierlech mam Zil, nees zréck zu engem Dräiermodell ze kommen. An Zäite wou et der Wirtschaft däitlech manner gutt geet an de Chômage klëmmt, misst ee weider kommen.

JDL ass eng eegestänneg Organisatioun

Ferm Kritik un deem, wat bei de Pensioune festgehale gouf, gouf et dës Woch vun de Jonken Demokraten, der Jugendorganisatioun vun der DP. De Minister Delles hat de Marc Spautz an der Vergaangenheet wéinst deem senge kritesche Remarke zu der Regierungspolitik kritiséiert. D’JDL wier eng eegestänneg Organisatioun, wou hien net géif dra schwätzen, huet de liberale Minister gemengt. Hie kéint awer verstoen, datt d'Jugend aner Iwwerleeunge bei de Pensiounen maache géif.

D'DP géif all Zäit voll a ganz zu der Regierung mat der CSV stoen.

Lex Delles - Invité vun der Redaktioun

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.