Rentepropose vun CSV an DP "e Schierbelkoup"
En Donneschdeg de Moie war d'Reform vun de Pensiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Propose vun der Regierung fir de Rentesystem unzepassen, si weder déifgräifend nohalteg, nach generatiounsgerecht a goufen net am Dialog, mee am Monolog decidéiert. Dat sot de Mars Di Bartolomeo en Donneschdeg de Moien hei op RTL. Den LSAP-Deputéierten, fréiere Sozialminister an Auteur vun der Rentereform vun 2012, huet d'CSV an d'DP schaarf kritiséiert.
Virun an no senger Rentereform vun 2012 gouf hie selwer vu lénks a riets ugegraff. De Premier Luc Frieden kritt elo virgeworf, datt hien als éischt ze wäit hätt wëlle goen an elo, datt en net wäit genuch géing goen. Fillt de Mars Di Bartolomeo mat? "Nee, ganz kloer ech fillen net mat, well déi Regierung hei, mam Luc Frieden un der Spëtzt, mat ganz groussen Ambitiounen an déi doten Diskussioun eragaangen ass an haut virun engem Schierbelskoup steet", esou den LSAP-Deputéierten.
De Koalitiounspartner vun der CSV, de Vizepremier Xavier Bettel vun der DP, huet déi verwässert Propose fir de Rentesystem unzepassen, domadder gerechtfäerdegt, datt d'Renten och kee Sujet am Walkampf waren. Fir den LSAP-Deputéierte wier dat "e ganz liicht Argument". Hien huet drun erënnert, datt d'DP 2012 eng radikal Reform gär gehat hätt an elo hätt se sech "ganz laang verstoppt". Elo géing de Xavier Bettel nach "de schéine Männche" maachen an nokucken ewéi d’CSV "zu Recht Streech kritt".
Vun Uewen erof en "Zwang" fir méi laang schaffen ze goen
Zu Recht, well d’Regierung fir unzefänken "sech net d’Zäit ginn huet, fir esou en Dossier ze stemmen". D’Propose vun der Campagne "Schwäz mat", vun den Experteronnen a vun de Parteie wieren ignoréiert ginn. Amplaz hätt d’Regierung Avantagë fir Zousazversécherungen decidéiert, déi just de Versécherungsgesellschaften zegutt kéimen an deenen, déi sech et kéinte leeschten.
Fir den LSAP-Deputéierte bleift awer dat Schlëmmst, datt de Premier eng "obligatoresch Verlängerung vun der Beruffstätegkeet vu bis zu 5 Joer" gewollt hätt. Elo läit eng progressiv Verlängerung vun 8 Méint fir Leit, déi mat 60 an d’Fréirent (retraite anticipée) ginn, wat deemno a sengen Aen nach ëmmer eng "Zwangsmoossnam" ass.
De Mars Di Bartolomeo huet seng Reform verdeedegt, mat där d’Leit fräiwëlleg kënne méi laang schaffe goen. Domadder hätt een och de reellen Antrëttsalter vun 59 op 61 Joer am Duerchschneit eropkritt.
Wien ass (a)sozial?
D’CSV an DP proposéieren awer och weider finanziell Hëllef fir bescheide Rentner an d’Allocation de fin d’année bewosst bäizebehalen obwuel d’Cotisatiounen eropginn (laut Gesetz misst d’allocation dann ewechfalen). De fréiere Minister huet gemengt, datt déi Allocatioun misst an d’Grondrent integréiert ginn, fir se fir méi bescheide Rentner ofzesécheren, amplaz se jidderengem ze ginn. Donieft huet hien op den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz higewisen, mat deem hie viru bal engem Joer hei op RTL averstane war, datt méi fir déi bescheide Rentner misst gemaach ginn. Mee strukturell an net iwwert Sozialhëllefen.
D’Gewerkschaften hunn am Dossier Renten no der Sozialronn protestéiert, datt de Modérateur vum Rentenajustement eng Brems op wat eng Upassung iwwert den Index eraus ass, bäibehalen huet. Eng Mesure, déi 2012 agefouert gi war, mee déi, esou den Auteur vun der Reform en Donneschdeg de Moien, souwisou net gräift, wann de System am finanziellen Equiliber bleift.
Wat d’LSAP elo géing maachen, wann eng Reform néideg ass: de Mars Di Bartolomeo huet eng Rei Mesurë genannt: Ureizer fir fräiwëlleg méi laang schaffen ze goen, mee och "Découragementsmoosname fir wann een top drop ass aus dem Aarbechtsmaart rauszeklammen". Donieft si weider Kotisatiounserhéijunge fir hie keen Tabu, esou wéineg ewéi d’Erträg vun der Rentereserve unzezapen. Dat alles "wann et néideg ass".
LSAP "um Wee e richteg gudden Team ze ginn"
Bei der LSAP-Fraktioun ginn et Zweiwel um Féierungsstil, stoung dëse Summer am Tageblatt ze liesen. De Mars Di Bartolomeo sot en Donneschdeg de Moien, datt d’Fraktioun "um Wee ass, e richteg gudden Team ze ginn an deen Team huet en exzellente Kapitän, dat ass d’Taina Bofferding". Am Géigendeel zu den anere Parteien, "wou een alles wëll diktéieren", géing ee bei der LSAP "zesumme" Politik maachen.
Den Nicolas Schmit, deem säin Numm am Zesummenhang mat de Walen 2028 zirkuléiere géing, géing - esou de Mars Di Bartolomeo - "am Dram net do drun denken".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.