Punkto Pensiounen: Mir dierfen eis kengen Diskussioune verschléissen
No de Vertrieder vun de Jugendparteien en Dënschdeg war et e Mëttwoch un de Politiker vun de Mammeparteien, fir iwwer d’Pensiounsreform ze diskutéieren.
Am Studio waren den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz an den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Déi zwee Deputéiert ware sech eens. Den aktuelle Pensiounssystem wier gutt. Zanter 40 Joer wieren d’Cotisatiounen net méi gehéicht ginn an donieft géingen d’Reserven dëst Joer op 30 Milliarden histeieren. Dofir kéint een déi aktuell Diskussioune mat roueger Hand ugoen. Laangfristeg misst een de Pensiounssystem allerdéngs ofsécheren. Dat géing net vun haut op muer goen.
Een Eenheetsregimm fir d’Pensiounen?
D’Vertrieder vun de Jugendparteien haten en Dënschdeg een Eenheetsregimm gefuerdert. Allebéid plädéieren dofir, de Régime général (Privatbeamten) an de Régime spécial (Staatsbeamten) zesummenzeleeën. Béid Systemer wiere scho mat de leschte Reforme quasi ganz zesummegeluecht ginn, seet de Mars di Bartolomeo. Eenzegen Ënnerscheed wier, dass d’Cotisatiounen am Privatsecteur op fënnefmol de Mindestloun gedeckelt goufen.
Misst een net envisagéieren, fir do ze deplafonnéieren?
Et sollt ee sech kengen Diskussioune verschléissen, fënnt de Marc Spautz. Et wier scho vun 4 Mol Mindestloun op 5 Mol eropgaangen. Vläicht kéint een och op 6 Mol eropgoen oder komplett deplafonnéieren. Et wier op alle Fall kloer, dass ee laangfristeg misst versichen déi zwee Systemer beieneen ze bréngen. Op alle Fall dierft ee keng Piste scheien. De Mars di Bartolomeo gëtt do nach ze bedenken, dass een dann och misst kucken, ob d’Leeschtunge mat an d’Luucht ginn, wann deplafonnéiert - also méi kotiséiert - gëtt.
E méi gerechte Pensiounssystem
Déi éischt Prioritéit bei enger Reform misst sinn, fir mat enger Rent kënnen een dezent Liewen ze féieren. 2012 hätt een dofir d’Grondrent gehéicht, mee zanterhier wier vill geschitt, esou de Mars Di Bartolomeo. All Pensioun besteet aus engem fixen Deel (620 Euro, wann ee 40 Joer kotiséiert) an engem proportionalen Deel. Effektiv misst de fixen Deel, also d’Grondrent, massiv gehéicht ginn, fir géint d’Altersaarmut virzegoen. Ëm wéi vill, do wollt sech de Marc Spautz net festleeën.
Donieft misst ee verhënneren, dass den aktuelle System geschwächt gëtt. D’Regierung hätt annoncéiert, si wéilt privat Zousazversécherunge promouvéieren. Dat wier e Switch vun engem solidaresche System op e private Regimm. An dee soll och nach vum Staat subventionéiert ginn, kritiséiert den LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo.
"Ech sinn e bëssen iwwerrascht iwwert dat, wat den Här Di Bartolomeo elo gesot huet", äntwert de Marc Spautz. D’CSV wier nämlech ëmmer nach der Meenung, dass et dat Wichtegst wier, fir den éischte Pilier ofzesécheren. Den zweete Pilier (Zousazversécherunge vum Betrib) an den drëtte Pilier (privat Zousazversécherungen) géingen et scho ganz laang ginn. An et kéint een dovun ausgoen, dass et de Leit, deenen et besser geet, dass déi och nach eng Zousazversécherung kënne maachen.
Pensiounsalter eropsetzen? Een No-Go
Um legale Pensiounsalter vu 65 Joer sollt net gefréckelt ginn. Et géing nämlech genuch Sputt ginn, tëscht dem legale Pensiounsalter vu 65 Joer an dem reelle Pensiounsalter, deen aktuell bei 60-62 Joer läit. Leit, déi schwéier kierperlech oder Schichte schaffen, sollen awer weider Méiglechkeete kréien, éischter opzehalen. Et wier och wichteg fir Leit, déi wëlle méi laang schaffe goen, dass déi d’Méiglechkeet behalen, an der Versécherung ze bleiwen. Do waren Di Bartolomeo a Spautz nees enger Meenung.
De Mars di Bartolomeo huet och preziséiert, dass et en No-Go fir d’LSAP wier, fir Baby-Joren ofzeschafen. Si géingen awer d’Pist, dass een dat zum Beispill iwwert de Staatsbudget kéint finanzéieren, gutt fannen. Amplaz Suen an d’Zousazversécherungen ze stiechen, kéint de Staat se och an d’Finanzéierunge vun dëse Leeschtunge placéieren, esou den Deputéierten vun de Sozialisten. De Marc Spautz confirméiert "mir denken iwwerhaapt net drun, fir un d'Babyjoren ze goen". Et wier d'selwecht bei de Studentejoren. Déi Rechter wéilt een net a Fro stellen.