En Donneschdeg de Moie waren d'Asylpolitik an de Mënschenhandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Vum Prinzip hier ass déi consultativ Mënscherechtskommissioun averstane mat enger Maison de retour. Et wier eng wichteg Infrastruktur, déi geduecht ass, fir Asyldemandeuren, déi keen Asyl kruten an déi fräiwëlleg zeréck an hiert Heemechtsland ginn. Mee wann ee sech déi Struktur méi genee géing ukucken, da wier dat am Beschte Fall eng provisoresch Struktur, kritiséiert d'Presidentin vun der CCDH en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Et wier eng Hal mat Zelter a Better "immens prekär a provisoresch ageriicht" an dat elo schonn eng ganz Zäit laang.

Sanitär Strukture si baussen 

E grousse Kritikpunkt vun der CCDH ass och, dass Famillje mat Kanner do ënnerbruecht sinn. Déi sanitär Installatioune wiere baussen. Dat heescht, et misst ee moies, wann et kal an däischter ass, iwwer den Haff lafen, fir dohin ze kommen. D'Kanner hätten och kee Raum, wou se mol kéinte spillen, an et géif keng psychologesch Betreiung ginn. Vill Leit, déi an d'Maison de retour kommen, wiere scho laang am Land, d'Kanner wieren hei an d'Schoul gaangen a wann d'Prozeduren all ofgeschloss sinn, misste se dann heem goen. Dofir wieren d'Leit dacks an enger immenser Détresse. An der Belsch hätte se do e gudde System mat psychosozialer Betreiung, do kéint ee sech hei e Beispill drun huelen.

"Et ass hei schonn e grousse Problem vum politesche Wëllen"

Et wier och net am Virfeld mat den Acteuren aus der Zivilgesellschaft gekuckt ginn, wéi een déi Leit kéint mënschewierdeg ënnerbréngen. Vun haut op muer wier ee virun e Fait accompli gestallt ginn an et wier einfach gesot ginn "voilà, do ass elo eng Maison de retour". Och d'Argument vum Ministère, et wier just eng provisoresch Plaz an et wier een op der Sich no engem gëeegenter Struktur, léisst d'CCDH net gëllen. Et wier eng Problematik, déi sech zanter Jore stellt.

Zwee Drëttel vun de Gemengen hu keng Flüchtlingsstrukturen. Brauch et dofir eng Quot fir d'Gemengen ze obligéieren?  D'Mënscherechtskommissioun hätt keng Positioun zu der Quot, mee si wier ganz kloer der Meenung, dass ee méi Flüchtlingsstrukture misst bauen. Well de Problem géing jo just ëmmer méi grouss ginn an den Accueil deementspriechend ëmmer méi problematesch. Natierlech géing et e reelle Problem ginn, fir Alternativen ze fannen, sou d'Noémie Sadler, mee wa politesche Wëllen do ass, da fënnt een Alternativen. De Logement vu Flüchtlingen oder vu Leit, déi deboutéiert goufen, wier e waarmt Eisen an dofir wier et hei schonn e grousse Problem vum politesche Wëllen.

Mënschenhandel zu Lëtzebuerg

Aktuell schafft d'CCDH un engem Rapport iwwer de Mënschenhandel zu Lëtzebuerg. Et géing een e Bilan zéie vun de leschten 10 Joer. Ganz positiv wier, dass et eng méi grouss Prise de conscience gëtt an dass och méi spezifesch Kontrolle gemaach ginn. Dat wier vläicht och eng Erklärung, firwat d'Chifferen an d'Luucht gaange wieren. Dëst Joer wieren et bis ewell 29 Fäll. D'Donkelziffer dierft däitlech méi héich sinn. Et wier e ganz lukrative Phänomen, den ee weltwäit kéint fannen an dee ganz schwiereg ze bekämpfe wier, well d'Victimmen dacks Angscht hätten, auszesoen, an déi ganz Affäre géingen iwwert si lafen, sou d'Presidentin vun der CCDH.

Zu Lëtzebuerg wier et virop e Problem, dass d'Prozeduren immens laang daueren an doduerch géingen d'Affer wärend der Enquête oder der Prozedur einfach verschwannen. Wann et da bis zum Prozess géing kommen, wier kee méi do. Een anere Problem wier den Zeienschutz an d'Indemnisatioun vun de Victimmen. Do misst een hei am Land definitiv nach eng Schëpp bäileeën, sou d'Noémie Sadler.

Invité vun der Redaktioun Noémie Sadler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.