D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit. - Op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Kréie sech d'Regierungsparteien trotz Meenungsverschiddenheeten nach zesummegerappt? Kënnen Diskussiounen iwwer eenzel Persounen d'CSV am Hibléck op d'Wahlen a Gefor bréngen? An ass Lëtzebuerg mat Satellitte wéi dem GovSat1 um richtege Wee?

Eng Jughurtsfabrik zu Beetebuerg, déi d'gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg géint den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider opbréngt, an d'Stagezäit am ëffentlechen Déngscht, zu där sech d'DP-Presidentin Corinne Cahen virum LSAP-Ressortminister Dan Kersch positionéiert: De Wahlkampf, deen am Prinzip eréischt virun der Dier stoe soll, schéngt d'3er-Koalitioun ze zerreiwen. Ëmmer méi dacks gi géigesätzlech Positioune kloer a gesäit et dono aus, wéi wann net méi un engem Strang géif gezu ginn, mä wéi wann ee sech v.a. de schéine Männche bei der CSV wéilt maachen, fir als Juniorpartner mat an eng nächst Regierung ze kommen. Sinn d'LSAP, d'DP an déi Gréng effektiv just nach op Bräitchemann-Schau, oder kréie si sech nach emol zesummegeraf fir déi nächst 8 Méint? Doriwwer hunn um Samschdeg nees Journalistekollegen diskutéiert.

Mir hunn donieft iwwert d'CSV geschwat, bei där sech de Luc Frieden an d'Viviane Reding fir méi héich Aufgabe virgeschloen hunn, soudass de Marc Spautz e bëssen huet missen op d'Brems trëppelen, an de GovSat1, deen zanter eppes méi wéi 3 Deeg op Orbitt ass an an Zukunft ënnert anerem d'NATO mat Donnéeë fiddere soll.

Ënner anerem doriwwer hunn dëse Sonndeg geschwat:

Bérengère Beffort vum Lëtzebuerger Wort
Claude Karger vum Journal
Raymond Klein vun der woxx
David Marques vum Quotidien

AUDIO: Presseclub vum 4.2.18

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.