D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren huet déi national an déi international Aktualitéit diskutéiert.

Wat ass vun de Partei-Kongresser 6 Méint virun de Walen zeréck ze behalen, wat bedeit de rezente Sëtzstreik zu Schraasseg a wéi ass de Lëtzebuerger Ëmgang mat der Affär Skripal ze bewäerten.

Ënner anerem doriwwer hu mir mat de Kollegen aus der Press geschwat.

AUDIO: Presseclub vum 8. Abrëll 2018

Invitéen am Presseclub waren d'Dany Schumacher aus dem Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt, de Claude Karger vum Journal an de Luc Caregari aus der Woxx.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.