D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren huet déi national an déi international Aktualitéit analyséiert.

Den onerwaarten Doud vum Staatssekretär Camille Gira huet d'Lëtzebuerger Politik an och d'Leit am Land déif getraff - d'Politik verléiert domat e Pilier am Domaine vun Ëmwelt- an Naturschutz.

Mir sinn am Presseclub op dës Perte ze schwätze komm. Aner Sujete waren d'Modalitéiten, fir Member am Staatsrot ze ginn, grad wéi méi oder manner nei politesch Mouvementer, déi sech virun de Wale kreéieren.

Invitéen e Sonndeg am Presseclub beim Roy Grotz waren:

- Dani Schumacher aus dem Wort
- Ines Kurschat vum Land
- Claude Karger aus dem Journal
- Richard Graf vun der Woxx

AUDIO: Den RTL-Presseclub vum 27. Mee 2018.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.