D'Walcampagnen a wéi sech d'Parteien thematesch differenzéieren

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren huet déi national an international Aktualitéit analyséiert.
D'Walcampagne ass eng Woch am Gaang - déi éischt thematesch Dueller tëscht Politiker hu mer mat erlieft; et bleiwen nach 4 intensiv Wochen, fir dem Wieler ze weisen, firwat hien da grad soll déi eng speziell Partei de 14. Oktober wielen.
Wéi differenzéieren sech d'Parteien dann iwwerhaapt thematesch? Huet d'Dräierkoalitioun nach eng weider Chance fir un de Pouvoir ze kommen a wat stellt d'Oppositioun dësem Trio mat sengem Bilan entgéint? Dat hu mer d'Journalistekollegen dëse Sonndeg am Presseclub gefrot.
Invitéë waren:
d'Dani Schumacher aus dem WORT
de Peter Feist vum Land
de Luc Caregari aus der WOXX
an de Lucien Montebrusco vum Tageblatt.
RDV fir den RTL-Presseclub, dëse Sonndeg tëscht 11 an 12 op eiser Antenne an natierlech live op der RTL-App.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.