Am Presseclub-Spezial e Freideg de Mueren goufen déi aktuell Walcampagnen analyséiert.

Wéi ass d'Walcampagne an den Ae vun der Press verlaf? Wéi hu sech d'Parteien an hir Spëtzekandidate mediewierksam duergestallt?

Huet d'Press hir Roll an der Walcampagne esou gespillt, wéi se hätt missten - kritesch, fair an transparent?

AUDIO: Presseclub-Spezial vum 12. Oktober

Mir hunn driwwer diskutéiert an engem Presseclub-Spezial um Freideg virum Wal-Weekend

Um Dësch souzen:

d'Josée Hansen vum Land,

de Marc Schlammes vum Wort,

den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt,

d'Pia Oppel vum Radio 100,7,

de Luc Marteling aus der RTL-Internetredaktioun

an de Roy Grotz Chefredakter vum RTL Radio.

Moderatioun: Pit Everling

Rendez-vous fir de Presseclub Spezial war e Freideg de Moien um 8.15 Auer.