Wat fir eng Haaptenseignementer sinn aus de Chamberwale vum leschte Sonnden ze zéien?

D'Koalitiounsverhandlunge gi bis Mëtt November um Niveau vun den Aarbechtsgruppe weider - mee wat gëtt do geschwat a wéi wäert sech de Regierungsaccord agencéieren?

Wéi eng Politiker solle wéi ee Ministère iwwerhuelen a wéi positionéiere sech d'"Walgewënner"?

En anere Sujet, deen dës Woch dominéiert, ass d'Zukunft vun der Koalitioun an Däitschland, verbonne mat där vun der Kanzlerin Merkel no de Walen an Hessen an d'Asylpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung.

Dorops si mer dëse Sonndeg am RTL-Presseclub ze schwätze komm.

AUDIO: Presseclub vum 4.11.18

Mat an der Ronn vun de Journalisten souzen:

d'Dani Schumacher vum WORT

de Claude Karger aus dem Journal

de Luc Caregari vun der Woxx

an de Robert Schneider vum Tageblatt.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.